Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Skeleten - Let It Grow

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Golden Globes: Lëtzebuerger Co-Produktioun geet eidel aus

Film

Golden Globes: Lëtzebuerger Co-Produktioun geet eidel aus

Zu Beverly Hills goufen hënt eiser Zäit déi bescht Filmer a Serië mat de Golden Globes ausgezeechent. Déi grouss Gewënner sinn de Film "Emilia Pérez“, vum franséische Realisateur Jacques Audiard, an "The Brutalist", vum US-Realisateur Brady Corbet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

De Film "Emilia Perez" - e Musical op Spuenesch iwwer e mexikaneschen Drogeboss, dee säi Gender ännert, krut véier Präisser, dorënner dee vum beschte Film an net-englescher Sprooch.

Fir "The Brutalist" vum amerikanesche Regisseur Brady Corbet, goufen et dräi Präisser: Beschten Drama, beschte Realisateur a beschte Schauspiller fir den Adrien Brody. Och d'US-Schauspillerin Demi Moore gouf ausgezeechent. Dat fir hir Performance am Film "The Substance".

D'Lëtzebuerger Co-Produktioun "All We Imagine as Light" war nominéiert an de Kategorië beschte Film an net-englescher Sprooch a bescht Realisatioun.