arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréissert Feier hënt an engem Appartementshaus zu Bartreng: 50 Leit relogéiert

Lokales

|
reading time

1 min

Gréissert Feier hënt an engem Appartementshaus zu Bartreng: 50 Leit relogéiert

Hënt gouf et e gréissert Feier an engem Appartementshaus zu Bartreng. Wéi de CGDIS op Facebook matdeelt, waren d‘Pompjeeën um 1:00 Auer an der Nuecht an der Lëtzebuerger Strooss geruff gi fir e Wunnengsbrand.

reading time

1 min

© CGDIS Facebook
(Foto: CGDIS Facebook)

Um 7. Stack stoung en Appartement a Flamen an d‘Feier hätt sech och op d‘Balkonen ënnendrënner ausgebreet. D‘Feier konnt séier ënner Kontroll bruecht ginn. Et gouf kee blesséiert, mee 50 Awunner:inne hate misste fir d‘Nuecht relogéiert ginn.

Op der Plaz waren d‘Pompjeeë vu Bartreng, Mamer, der Stad, Dippech an Hesper.