search

/ Grenzkontrolle sinn an der Haaptsaach lästeg fir d'Grenzgemengen

Däitschland-Lëtzebuerg

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Grenzkontrolle sinn an der Haaptsaach lästeg fir d'Grenzgemengen

No der Ukënnegung, datt Däitschland d'Grenzkontrolle wëllt bis September verlängeren, bleift de groussen Ierger bei de Lëtzebuerger Grenzgemenge bis elo aus. D'Gemenge kritiséieren zwar allgemeng, datt d'Verlängerung vun de Grenzkontrollen net am Esprit vum Schengenraum wier.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Patrick Pleul
(Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

E wierkleche Problem stellen d’Kontrolle fir déi meescht Gemengen awer net duer. D’Grenzkontrolle wiere virun allem lästeg, fënnt d’Gréiwemaacher Buergermeeschtesch Monique Hermes.

Kontrollen treffen haaptsächlech däitsch Grenzgänger

Haaptsächlech géifen déi däitsch Grenzgänger dorënner leiden, déi op Lëtzebuerg schaffe kéimen. Hiren Aarbechtswee géif sech onnéideg verlängeren.

Zu Iechternach wier d’Situatioun selwecht, seet den éischte Schäffe Ben Scheuer.

"Mir hunn eng Industriezon, wou awer de Gros vun deene Leit, déi da schaffen, déi kommen awer dann aus Däitschland iwwer d'Bréck gefuer eran an och dann och nees eraus. A wann da Kontrolle sinn, da stinn d'Leit awer scho länger am Stau."

Dat wier schued, bedauert de Ben Scheuer. D’Relatiounen zu den däitsche Grenzgemenge wieren nämlech gutt, fënnt och de Réimecher Buergermeeschter Jacques Sitz.

"Fir mech ass et ëmmer negativ, well mir an eisem Dräilännereck, mir maachen esou vill Projete grenziwwergräifend. Do ass natierlech ëmmer ee ganz fade Bäigeschmaach, wann do ëmmer erëm vu Grenzkontrolle geschwat gëtt." 

Grenzen halen den Austausch net op 

De Schäfferot vu Schenge war bis ewell net ze erreechen, awer d’LSAP, déi zu Schengen an der Oppositioun ass, huet zesumme mat der SPD vun der däitscher Nopeschgemeng Pärel e Communiqué verëffentlecht. Och si gesinn déi Grenzkontrolle skeptesch. Den Tom Bellion vun der LSAP-Dräilännereck sot, grad zu Schengen wier ee gewinnt, datt ee fräi zirkuléiere kéint. 

"Mir sinn all Dag am Austausch. Mir fueren als Lëtzebuerger an Däitschland, fueren eis Kanner an d'Schoul an de Lycée. Mir ginn an Däitschland zum Deel akafen. Déi däitsch a franséisch Kolleegen, déi kommen op Lëtzebuerg hire Bensinn huelen. Wéi gesot, et ass e ganz groussen Austausch."

Obschonns d’Grenzkontrollen antëschent net méi fir esou vill Stau oder Perturbatiounen am Verkéier suergen, wéi dat nach virun e puer Méint de Fall war, si se de Vertrieder:inne vun de Lëtzebuerger Gemengen en Dar am A.

Dat wäert wuel och nach e bëssen unhalen. Bis de 16. September sollen d’Grenzkontrollen op däitscher Säit verlängert ginn.

play_arrow Lauschteren