Radioen

On air

9 bis 1  |  Maz - Kiss Kiss Boom

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbritannie wëll Verdeedegungsdepensen op 2,5 Prozent vum PIB erhéijen

London

Groussbritannie wëll Verdeedegungsdepensen op 2,5 Prozent vum PIB erhéijen

Groussbritannie wëll seng Verdeedegungsdpensen erop a säi Budget fir Entwécklungshëllef erofschrauwen. Dat huet de brittesche Premier Keir Starmer ugekënnegt, zwee Deeg viru sengem Treffe mam US-President Donald Trump.

auto_stories

1 min

De Premierminister Keir Starmer schwätzt an der Downing Street bei engem vum Wolodymyr Selenskij aberuffen Treffe mat de féierende Politiker aus der ganzer Welt zum drëtte Joresdag vun der russecher Invasioun an der Ukrain. | © picture alliance
De Premierminister Keir Starmer schwätzt an der Downing Street bei engem vum Wolodymyr Selenskij aberuffene Treffe mat de féierende Politiker aus der ganzer Welt zum drëtte Joresdag vun der russecher Invasioun an der Ukrain. (Foto: picture alliance)

Hannergrond ass déi nei Sécherheetsproblematik an Europa. London géif sech engagéiere fir bis 2027 seng Verdeedegungsdepensen op 2,5 Prozent vu sengem PIB ze erhéijen. Dat wier déi gréissten Hausse zënter dem Enn vum kale Krich, esou de Starmer. Bis ewell leien déi brittesch Verdeedegungsausgabe bei ronn 2,3 Prozent. Am Finanzjoer 2023/24 goufen 53,9 Milliarde Pond (ronn 65 Milliarden Euro) investéiert. 

Eng Hausse op 2,5 Prozent dat géif 13,4 Milliarde Pond pro Joer méi heeschen, sou de Keir Starmer. Dat Ganzt op Käschte vum Budget fir Entwécklungshëllef, dee soll vun 0,5 op 0,3 Prozent vum PIB erofgoen. 

Den US-amerikanesche President Donald Trump hat scho méi dacks gefuerdert, datt d'NATO-Staaten an Zukunft 5 Prozent am Plaz minimum 2 Prozent vum PIB fir d'Verdeedegung missten ausginn. 

Lëtzebuerg huet am Joer 2023 ronn 0,75 Prozent vum BIP fir d'Verdeedegung ausginn. 

Mëtt Februar hat de Premier Luc Frieden gesot et misst ee sech mental drop virbereeden, datt déi Lëtzebuerger Defensenausgaben éischter bei dräi wéi bei zwee Prozent vum RNB (revenu national brut) wäerte leien. Lëtzebuerg huet als eenzegen NATO-Staat eng Ausnamereegelung, datt Lëtzebuerg seng Verdeedegungsausgaben net um Bruttoinlandsprodukt mee um Bruttonationalprodukt orientéiert.