Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussbritannie wëll d'Weltmuecht vun der KI ginn

AI Opportunities Action Plan

Groussbritannie wëll d'Weltmuecht vun der KI ginn

A Groussbritannien huet d’Regierung gëschter um Méindeg ee wäitreechenden Aktiounsplang fir Kënschtlech Intelligenz virgestallt. Dës Technologie soll d’brittesch Wirtschaft ukuerbelen, de Gesondheetssystem ënnerstëtzen an d’Aarbecht vu Beamte mei efficace maachen. Mee et ginn awer nach vill Bedenken iwwert d'Technologie.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot play_arrow
Foto: picture alliance / Photoshot

Text: Claire Barthelemy

Et ass e ganz ambitionéierte Plang, deen de Keir Starmer gëschter um Méindeg virgestallt huet. Vun de futtisse Stroossen bis op déi laang Waardelëschten am Gesondheetssystem: Kënschtlech Intelligenz soll d’Liewen a Groussbritannie méi einfach maachen.

13.000 nei Aarbechtsplazen

Den AI Opportunities Action Plan soll aus dem Land d’Weltmuecht vun der Kënschtlecher Intelligenz maachen. Mee virun allem geet et ëm d’Suen. De Keir Starmer sot, datt duerch KI all Joer 47 Milliarde Pond an d’Wirtschaft fléisse kéinten. Aus dem private Secteur sollen Investissementer an der Héicht vu 14 Milliarde Pond kommen, déi 13.000 nei Aarbechtsplaze verspriechen.

Mee wéi genau gesäit den Aktiounsplang aus? Hei huet de Premier sech vill Méi ginn, vir de Leit déi praktesch Uwänner vun der Technologie ze erklären. 

KI an alle Secteuren

“Wann Dir den Owend um Kichendësch setzt an Iech Gedanken iwwer d’Opportunitéite maacht, déi Är Kanner an der Schoul kréien: Kënschtlech Intelligenz kann dem Léierpersonal hëllefen, Coursen zesummenzestellen, déi op déi spezifesch Bedierfnisser vun äre Kanner ugepasst sinn. Wann Dir iech Gedanke maacht iwwer Waardelëschten an de Klinicken - an dat maache mir jo all - Kënschtlech Intelligenz kann Honnertdausende vu Stonnen u verpasste Rendez-vousen zeréckgewannen." sou de Keir Starmer.

Souguer d’Lächer an de Stroossen solle mat Hëllef vu KI fonnt a gefleckt ginn, sot de Premier. | © Claire Barthelemy
Souguer d’Lächer an de Stroossen solle mat Hëllef vu KI fonnt a gefleckt ginn, sot de Premier. (Foto: Claire Barthelemy)

Weltwäite Konkurrenzkampf

A fir all dat brauch et natierlech vill Daten. Et soll eng national Datebank opgestallt ginn, déi staatlech kontrolléiert ass, an op déi Chercheuren an Entreprisen zougräife kënnen. Anonymiséiert Date vum staatleche Gesondheetssystem, dem NHS, wieren do och mat dran.

Hei Ënnerscheed sech Groussbritannien däitlech vun der EU, déi Konsumente jo duerch den AI-Act schütze wëll. An Groussbritannie gëtt et bis e lo nach keng iwwergräifend Reglementatioun, an am Aktiounsplang ass och net vill doriwwer riets gaang. “An enger Welt vu groussem Konkurrenzkampf, kënne mir net stoe bleiwen,” sou de Keir Starmer.

Projet stéisst op Kritik

Gefäert gëtt an der Populatioun allerdéngs nach ëmmer, datt Aarbechtsplazen duerch KI verluer ginn, a Kritiker fuerdere méi Detailer iwwert Erausfuerderunge vun der KI. Well am ëffentleche Secteur hätt Kënschtlech Intelligenz jo awer real Auswierkungen op d’Mënschen, sou sot een onofhängegt Fuerschungsinstitut.

Déi gréisst Kritik, mat der sech d’Regierung momentan rëmklappe muss, dat ass awer hir Finanzpolitik. Déi brittesch Pond ass lo um niddregsten Niveau zënter méi wéi engem Joer, an d’staatlech Scholde ginn ëmmer méi deier. D’Oppositioun schwätzt vun enger “wirtschaftlecher Mëssverwaltung,” déi et schwéier maache wäert, sou ambitionéiert Pläng lo ëmzesetzen.

Lauschterenplay_arrow