arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch Rentrée a Groussbritannie gepräägt vum Optimismus vum neie Premier Burnham

Groussbritannien

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Politesch Rentrée a Groussbritannie gepräägt vum Optimismus vum neie Premier Burnham

Den Andy Burnham war am Juli vun der Labour Partei als nei Parteichef gewielt ginn an huet d‘Amt vum Premier Keir Starmer iwwerholl. Gëschter huet hie bei der politescher Rentrée seng Visioun fir Groussbritannie virgestallt.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Den Andy Burnham ass zanter dem 20 Juli neie Premierminister vu Groussbritannien. De Buergermeeschterposte vu Greater Manchester war domat fräi. | ©  EPA/NEIL HALL
Den Andy Burnham viru senger Ried virun der Downing Street Nr. 10 (Foto: EPA/NEIL HALL)

Viru 16 Joer koum den neie Premier Burnham an dat brittescht Parlament. Déi gréisst Zäit dovun huet hien op der Oppositiounsbänk verbruecht. A senger Ried bei der politescher Rentrée huet hien op déi Zäit zeréckgekuckt, a festgestallt, wat a sengen Aen an de leschte Jore schifgelaf ass. 

Ënner anerem hätt d'Politik op eng Zentraliséierung gesat zënter den 80er Joren. Dobäi wier d'Privatiséierung vun der Wirtschaft an d'Deindustrialiséierung komm. 

Neie Premier ze optimistesch?

Fir hien ass d'Léisung eng Dezentraliséierung. Deemno sollen déi lokal a kommunal Autoritéite méi Pouvoir kréien. Déi solle virun allem méi dacks agräife bei Entreprisen, déi essenziell Besoine geréieren, wéi beispillsweis Waasser oder den ëffentlechen Transport. 

Dem Burnham gëtt elo schonn - am Géigendeel zu sengem Virgänger Starmer - als groussen Optimist duergestallt. D'Oppositioun zweifelt seng Léisunge fir d'Problemer vu Groussbritannien elo schonn als ze optimistesch un. 

play_arrow Lauschteren