arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussbritannie keeft Kampfjetten, déi Nuklearwaffe kënnen ofschéissen

Fir d'éischte Kéier

|
headphones

1 min

Groussbritannie keeft Kampfjetten, déi Nuklearwaffe kënnen ofschéissen

Groussbritannien keeft fir d'éischte Kéier Fligeren, déi mat Atomwaffe kënnen equipéiert ginn. Wéi déi brittesch Regierung matgedeelt huet, wëllt se 12 Kampfjette vum Typ F-35A vum amerikanesche Produzent Lockhead Martin kafen, déi och nuklear Waffe kënnen ofschéissen.

headphones

1 min

De brittesche Premier Keir Starmer um NATO-Sommet zun Den Haag | © picture alliance / Photoshot | -
De brittesche Premier Keir Starmer um NATO-Sommet zun Den Haag (Foto: picture alliance / Photoshot | -)

Zanter dem Enn vum Kale Krich setzt Groussbritannie bei der nuklearer Ofschreckung ausschliisslech op seng Flott vun nuklearen U-Booter. 

Den NATO-Chef Mark Rutte huet d'Annonce vun Downing Street begréisst. Et wier e wichtege Bäitrag zur nuklearer Ofschreckung vun der transatlantescher Militär-Allianz.