Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Groussbus Wal: Vill Hoffnung an héich Erwaardungen an d‘Fusioun

Fusiounsfest

Groussbus Wal: Vill Hoffnung an héich Erwaardungen an d‘Fusioun

D’Gemeng Groussbus-Wal huet ee Samschdeg ee Joer Fusioun mat engem Duerffest markéiert. D’Awunner:inne vun der Gemeng, déi um Fusiounsfest mat derbäi waren, hu sech éischter zefridden doriwwer gewisen, och wann nach net alles an dréchenen Dicher läit.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

© Carole Schimmer play_arrow
Foto: Carole Schimmer

Fir deen éischte Gebuertsdag vun der Fusiounsgemeng huet d’Wieder matgespillt, dat huet vill Leit aus der Gemeng, mee och aus der Politik an der Zivilgesellschaft, ugezunn. De ganzen Nomëtteg gouf et natierlech ze iessen an ze drénken an ee risege Gebuertsdagskuch. Et goufen och Aktivitéite fir Kanner an de Musée Thillenvogtei zu Randschelt war fir deen Dag och op fir de Public.

Nei Synergië schafen

Wat opgefall ass, d'Leit ware geselleg a virun allem ganz gespréicheg.

D'Leit, déi um Fusiounsfest do waren, sinn éischter zefridden iwwer d'Fusioun. Een Awunner fënnt, datt et Zäit gi wier, am Plaz datt jidderee "fir sech wurschtelt", eppes zesummen ze bauen. Wéi zum Beispill eng nei grouss Schoul. Een aneren Awunner erhofft sech iwwerdeems, datt d'finanziell Méiglechkeete sech duerch d'Fusioun verbesseren.

Beim Referendum am Juni 2021 hate ronn 70 Prozent vun de Leit vu Groussbus derfir gestëmmt, an zu Wal waren et der 62 Prozent. Et sollt also zur Fusioun vu béide Gemenge kommen. D’Zil war et ënner anerem méi Synergien ze schafen.

Fusioun ass eng "Generatiounsaarbecht“

Um politesche Plang hätt ee gemierkt, datt et am Hierscht Tensioune gouf, sot eng Biergerin. Wärend dem Walkampf hätt dann awer jiddereen "no senger Mëscht gekuckt“. Do wiere Synergië geschloss ginn, déi hir net gefall hunn.

An och d'Gemengeconseillère Michèle Ensch mengt, datt et nach dauert, bis d'Fusioun am Kapp vun de Leit ukomm ass

"Sécher ass et sou, datt d’Fusiounsgedanken, also wann et soll bis an den Häerzer ukommen, dat dauert. Dat geschitt nit déi nächst 4 Joer. Dat, dat ass eng Generatiounsaarbecht.“

Net just an der Politik ass d’Ëmsetzung vun der Fusioun weider en Theema, och d’Veräiner an der neier Fusiounsgemeng beschäftege sech domat.

Positiv Auswierkungen op d'Veräiner

Ee gebiertege vu Groussbus, den Auteur, Kabarettist an Theaterregisseur Jemp Schuster, ass aktiv an engem vun de gréisste Veräiner, dem Fräiliichttheater Schankemännchen. Hie mengt, datt d’Fusioun positiv Auswierkunge wäert hunn op d’Veräiner.

"Also et gi ganz vill Veräiner, déi an der Gemeng funktionéieren an déi, mengen ech, awer lo duerch d'Fusioun grad sou gutt oder vläicht souguer nach besser funktionéieren, well een hei virun allem och méi Méiglechkeeten huet mat den Infrastrukturen.“

D‘Veräiner hunn net ëmmer d'Fusioun gebraucht fir zesummenzewuessen. D'Museke vu béid Gemengen zum Beispill hunn 2002 decidéiert zesummen ze spillen, well se net genuch Museker:innen haten. D'Fusioun vu béide Gemenge bréngt där Musek awer eppes Wesentleches, ënnersträicht d'Carine Loesch Comitésmember:

"Duerch d'Fusioun krute mir elo ee Sall zur Verfügung gestallt, do prouwe mir am alen, Festsall zu Bëschrued, deen ass elo quasi reng fir d'Musek, an do brauche mer ni méi hin an hier ze plënneren.“

Och den Dammenturnveräin erwaart sech nei Raimlechkeeten, ënnersträicht d'Nikki Bollendorf. Do wier virgesinn eng méi grouss Turnhal ze bauen. Bis zu 40 Leit wieren an engem Cours - den aktuelle Sall fänkt u bësse kleng ze ginn.

Och si ënnersträicht, datt d'Veräiner aus der ganzer Gemeng un engem Strang zéien.

Club des Jeunes bleiwen an de fréiere Gemengen

Nach hunn net all d'Veräiner an der Gemeng zesummefonnt, dat weist sech bei de Club des Jeunes an der Gemeng: Där gëtt et weider een zu Groussbus an een zur Wal. An et ka gutt sinn, datt dat esou bléift: Déi Jonk aus engem Deel vun der Gemeng misste soss einfach ze wäit fueren, hunn déi Responsabel gëschter um Fusiounsfest gemengt.

Lauschterenplay_arrow

Subventiounspolitik gëtt op de Leescht geholl

D’Regierung wënscht sech méi Gemengefusiounen a wäert se encouragéieren ouni se ze imposéieren. Den Inneminister huet um Fusiounsfest Groussbus Wal Informatioune geliwwert iwwert nei Moossnamen iwwert déi an engem Aarbechtsgrupp mam Syvicol geschafft gëtt. D’Gemengefusioune sollen net nëmmen um finanziellen, mee och um juristeschen a mënschleche Plang begleet ginn. An deem Sënn huet den Inneministère nei Leit rekrutéiert.

Wëll et bei de Fusiounen och ëm finanziell Hëllef geet fir nei gemeinsam Infrastrukturen ze schafen, wëllt den Inneminister Léon Gloden d’Subventiounspolitik op de Leescht huelen a kloer a gerecht Reegele fir jiddereen ausschaffen. Zum Beispill d‘Finanzement vun de Schoule, misst een eng Kéier iwwerschafft ginn. Bei 5.500 Euro déi pro Meterkaree ausbezuelt ginn, mat engem Seuil, hätte vill Gemenge Problemer, hir Schoulen ze finanzéieren.

Ausso vum Léon Glodenplay_arrow

Den Inneminister fënnt iwwerdeems och, datt ee misst kucken nach aner Saachen ze finanzéieren. D‘Lëscht vun den Infrastrukturen an Investissementer wier scho laang net méi iwwerkuckt ginn, sou de Constat vum Léon Gloden. 

De Finanzminister Gilles Roth, géif am Budget fir d‘nächst Joer déi zousätzlech Ausgabe virgesinn.