Et misst een all Initiativ déi zu engem Enn vum Krich féiere kéint ënnerstëtzen, ënnersträicht de Gusty Graas. Dat géif awer net heeschen, "ënner alle Konditiounen". Russland kéint sech weider drop behaapten, déi occupéiert Terraine kënnen ze behalen. Dat géif et awer schwiereg maachen, datt et zu engem definitive Fridde soll kommen.
Vun Ufank un hätt Lëtzebuerg hannert Kiew gestanen an dëst wäert och an Zukunft sou bleiwen, sou nach de Gusty Graas. Den LSAP Deputéierten Yves Cruchten weist sech erliichtert, datt et lo op d’mannst erëm en Accord tëscht den USA an der Ukrain gëtt.
D’USA hunn der Ukrain nees hir militäresch Ënnerstëtzung zougesot. De Premier Luc Frieden wollt sech op eis Nofro hin net zu den neisten Entwécklungen äusseren.