arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ HYGIE géint Gesondheetsministère: Recours wier irrecevabel

Sträit ëm Radiologiezenter

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

HYGIE géint Gesondheetsministère: Recours wier irrecevabel

D’Firma HYGIE krut an éischter Instanz virum Verwaltungsgeriicht Onrecht. D’Geriicht huet de Recours géint Decisioune vun de Gesondheetsministerinne Paulette Lenert a Martine Deprez als irrecevabel erkläert.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

HYGIE hat virun eppes méi wéi zwee Joer hire Radiologiezenter zu Esch missen zoumaachen a wollt d’Decisioune vun de Ministerinnen annuléiere loossen. De Riichtere vum Tribunal administratif no waren Decisioune vun der deemoleger LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert a vun där aktueller Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez (CSV) nämlech keng Akten, déi virun der Justiz kéinten attackéiert ginn.

Sträit ëm Mammograph a Scanner

Am Januar 2023 hat d’deemoleg Gesondheetsministesch Paulette Lenert der Firma d’Erlabnis ginn, zu Esch e Centre d’imagerie médicale ze bedreiwen.

Ronn dräi Woche méi spéit hat si HYGIE awer matgedeelt, datt d’Exploitatioun vun engem Mammograph an engem Scanner net méiglech wier.

Dës Apparater wieren de Centre-hospitalieren virbehalen. D’Firma misst dofir mat engem Spidol zesummeschaffen.

Am Juni 2023 hat d’Paulette Lenert decidéiert, datt HYGIE d’Apparater net exploitéieren dierft.

Am Abrëll 2024 hat d’Gesondheetsministesch Martine Deprez dës Positioun confirméiert: Dës “appareils exigeant des conditions d'emploi particulières” wieren de Klinicke virbehalen.

Mammographen a Scannere bräichten eng Geneemegung vum Ministère a kéinten nëmmen op Spidolssitë benotzt ginn.

Si wier, esou d’Martine Deprez, bis dohin net vun enger Klinik gefrot ginn, fir eng entspriechend Antenn bei HYGIE opzemaachen.

Geriicht: Kee Recours

Am Mee 2024 hat HYGIE de Verwaltungsgeriicht saiséiert, fir d’Decisioune vun den zwou Ministeschen annuléiert ze kréien.

Den Tribunal administratif hält a sengem Urteel fest, datt d’Decisioun vun der deemoleger Ministesch Lenert op eng Visite vun Doktere vun der Santésdirektioun bei HYGIE zeréckzeféiere war. Si hätt der Firma dono op en Neits geroden, fir eng Zesummenaarbecht mat engem Spidol ze envisagéieren.

Wat fir d’Riichtere weder engem Refus vun der Exploitatiounsgeneemegung, nach dem Réckzuch vun enger Autorisatioun entsprieche géif. Dëst wier allerhéchstens als juristesch Informatioun oder juristeschen Avis unzegesinn - Spréch net als en Akt, deen e Recours erméigleche géif.

Well dat selwecht fir d’Decisioun vun der aktueller Gesondheetsministesch Martine Deprez gëlle géif, wier de Recours vun HYGIE irrecevabel.

play_arrow Lauschteren