Radioen

On air

Notturno  |  Dhaima - Reggae On Sunset

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hamas an Israel kéinte geschwënn Geiselen a Prisonéier austauschen

Verhandlunge ginn haut weider

Hamas an Israel kéinte geschwënn Geiselen a Prisonéier austauschen

D'Hamas seet si wier bereet, 34 israeelesch Geiselen ze befreien, déi an der Gazasträif festgehale ginn. Déi Fräiloossunge wieren Deel vun enger éischter Phas vun engem Accord mat Israel, esou d'Hamas.

auto_stories

1 min

Eng Foto vun engem fréiere Geiselaustausch. (Foto: picture alliance/dpa)

Déi israeelesch Regierung seet bis elo, si hätt vun der Hamas nach keng Lëscht kritt mat den Nimm vun de 34 Geiselen, déi solle befreit ginn.

D'Hamas behaapt hirersäits, si hätt vun Israel eng Lëscht kritt mat den Nimm vun alle Kanner, Fraen an eelere Leit, déi nach vun der Hamas festgehale ginn. Als Géigeleeschtung fir hir Liberatioun soll Israel palätinensesch Prisonéier fräiloossen.

Déi indirekt Verhandlunge fir eng Wafferou an d'Liberatioun vun de Geiselen an der Gazasträif ginn haut um Méindeg am Katar weider.