D'Hamas seet, et géifen et sech ëm dräi Membere vun der Famill Bibas handelen. D'Mamm an hir zwee Kanner. D'Kanner waren 9 Méint respektiv 4 Joer al, wéi se am Oktober 2023 bei der terroristescher Attack vun der Hamas entféiert gi waren. D'Hamas behaapt, d'Mamm an déi zwee Kanner wäre bei enger israeelescher Attack am November 2023 ëm d‘Liewe komm. Israel huet dat net confirméiert.
Déi véiert Läich, déi d'Hamas zeréck ginn huet, ass déi vun engem 84 Joer ale Friddens-Aktivist.
Et ass déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Waffestëllstand viru ronn engem Mount an der Gazasträif, datt d'Hamas Läiche vu Geiselen zeréck gëtt. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet vun engem ganz schwéiere Moment fir Israel geschwat.