Eréischt am Joer 2028 kéint een domat rechnen, datt d'Präisser vun der Energie, also vum Bensinn, Diesel, Gas, Stroum a Mazout, nees op 2 Prozent zeréckginn, esou de STATEC.
De STATEC hat a sengem leschte Konjunkturflash, kuerz ier d'Sozialpartner zesumme komm sinn, och scho festgestallt, datt och d'Präisser vun de Liewensmëttel, besonnesch vu frësche Wueren, däitlech an d'Luucht kéinte goen.
D'Hëllefsmesuren, déi an der Tripartite am Juni decidéiert gi sinn, an déi elo zum Deel fir ee weidert Joer verlängert goufen, géifen zu Lëtzebuerg d'Inflatioun bremsen.
Nächst Indextranche eréischt am 2. Trimester 2027
Dofir kéint een domat rechnen, datt d'nächst an d'iwwernächst Joer d'Hausse vun de Präisser bei 2,5 % stabiliséiert blieft. Esoubal d'Präisdeierrecht op 2,5 % klëmmt, erfällt zu Lëtzebuerg eng Indextranche. Deemno ginn d'Salairen dann och gehuewen, fir datt d'Kafkraaft vun de Leit erhale bleift.
Am zweeten Trimester d'nächst Joer kéint esou eng Indextranche falen, esou d'Previsioune vum STATEC. Eng weider gesi si dann am zweeten Trimister 2028 erfalen.
Am Juni dëst Joer war fir d'lescht eng Tranche erfall, deemno goufen do d'Salairen ëm 2,5 % an d'Luucht gesat.