Radioen

On air

Tockcity  |  Pampa Folks - Her Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir jonk Leit an Noutsituatiounen

Fondatioun Solina

Hëllef fir jonk Leit an Noutsituatiounen

“Mënsche staark maachen”: Dat ass de Motto vun der Fondatioun Solina. Si bitt Jugendlechen a Krisesituatiounen eng ganz Rei Hëllefen un. Hire President, de Marco Wagener, huet am 100,7-Interview een Abléck an déi villfälteg Aktivitéite ginn.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

play_arrow
De Marco Wagener ass President vun der Fondatioun Solina. (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Fondatioun Solina, där hiren Numm sech aus ‘solidaresch’, ‘inklusiv’ an ‘accompagnant’ zesummesetzt, gouf 2018 gegrënnt. Deemools hu sech 3 verschidden Associatiounen zesummegedoen: Aarbechtshëllef, Jongenheem a Solidarité des jeunes.

Et hätte vill Iwwerschneidunge ginn, esou de Marco Wagener. Dofir wiereen Zesummeschloss de logesche Schrëtt gewiescht, fir déi verschidden Aktivitéite besser ze bündelen.

D'Péitrusshaus

D’Haaptzil vu Solina ass et, jonke Leit, déi mat Problemeran hirem Liewen ze kämpfen hunn, Hëllef ze bidden, fir datt si nees een autonoomt Liewe kënne féieren. “Jonk Mënsche staark maachen”, sou resüméiert de Marco Wagener de Motto vu Solina.

Déi jonk Leit, déi de Wee bei d’Associatioun fannen, kënne Problemer an der Schoul hunn, Streit mat hiren Elteren hunn, vum Jugendgeriicht verurteelt gi sinn oder och drogenopfälleg sinn.

Eng Plaz, déi Jugendlecher opfänkt, déi am Streit mat den Elteren hiert Doheem verlooss hunn, ass beispillsweis d’Péitrusshaus.

Lauschtert de Reportage aus dem Péitrusshausplay_arrow

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Nees an d'Gesellschaft integréieren

De Marco Wagener erkläert, datt d’Zuel vun de Leit, déi de Wee an d’Péitrusshaus fannen, an de leschte Jore signifikativ rop gaangen ass. Sou goufen et 2023 40 Prozent méi Opname wéi nach dat Joer virdrun. De President vu Solina féiert dat op Suchtverhalen zeréck, mee och op de Stress, deen ëmmer méi grouss gëtt ... och bei den Elteren. Bei méi vulnerabele Famillekéint den Drock sech méi séier op d’Kanner iwwerdroen, wat dozou féiere kann, datt dës d’Flucht ergräifen, erkläert de Marco Wagener.

Fir déi Jonk nees un een autonoomt Liewen erunzeféieren, bitt d’Associatioun verschidden Hëllefen un. Mat der Ënnerstëtzung vu Solina kënnen déi betraffe jonk Leit beispillsweis psychologesch Hëllef kréien, an engem Logement social ënnerkommen, oder eng Beruffsausbildung ufänken. Schoulofbriecher opfänken ass e wichtege Volet vun der Aarbecht, betount de Marco Wagener. An hire Strukture ginn déi betraffe Schüler:inne vu Schoulpersonal betreit.

Doriwwer eraus bitt Solina eng Rei Beschäftegungsmesuren un, wéi zum Beispill Schräineratelieren, Jardinage, Wäscherei an ee Bitzatelier, wou all Kleeder upgecycled ginn. D’Zil ass et, d’Leit an den éischten Aarbechtsmaart ze integréieren.

Méi Infoe fannt Dir op solina.lu