Eng richteg Krisesituatioun wier eréischt dann erreecht, wa schwiereg a politesch Decisiounen ze huele wieren. An deem heite Fall wier een awer nach am operationelle Beräich gewiescht, wou ee probéiert huet déi verschidde Servicer ze koordinéieren, huet de Guy Bley erkläert. Den HCPN hätt dann d’lescht Woch och éischter drop gesat fir Recommandatiounen erauszeginn amplaz Obligatiounen.
"Mir sinn awer der Meenung gewiescht, datt d'Mënsche selwer och kënnen Decisiounen huelen a sech kënnen op eng gutt Aart a Weis verhalen."
Et wier net ëmmer gutt, wann ee mat Interdictioune fonctionéiert, esou de Guy Bley.
"Mir hunn och un de gesonde Mënscheverstand gegleeft a gemengt, wann ee géif ganz staark Recommandatioune maachen, an et si jo och reegelméisseg Recommandatiounen erausgi ginn, et sinn ëmmer erëm Rappeller gemaach ginn a mir hu gemengt, datt dat och géif duergoen."
Den Haut Commissariat à la Protection Nationale hätt iwwerdeems och probéiert déi ganz Bevëlkerung ze informéieren andeems een d’Recommandatiounen a verschidde Sproochen iwwer verschidde Kanäl diffuséiert hätt, esou nach de Guy Bley.
Wéinst der Hëtztwell hätten déi nationale Rettungsdéngschter iwwerdeems, ëm 70 Prozent méi Interventiounen dëse Weekend gehat, esou de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder am 100,7 Interview.