An der Stad Szentendre an Ungarn hunn Dausende Leit keen Drénkwaasser méi. D‘Arméi gouf ugestallt fir de Leit Waasser ze bréngen. Betraff vun der Canicule sinn och d‘Slovakei, Rumänien, Slowenien an Éisträich
arrow_back_ios
Noriichten
Klima
|Hëtztwell an Zentral- an Osteuropa: Dausende Leit deels ouni Drénkwaasser
Eng nei Hëtztwell huet Zentral- an Osteuropa erreecht. An Ungarn rechent de staatleche Wiederdéngscht an de nächsten Deeg mat Temperature bis zu 41 Grad. Fir Stroum ze spuere ginn all ëffentlech Gebaier an Ungarn bis op Weideres net méi beliicht.
Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. (Foto: picture alliance/dpa | Jens Kalaene)