arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hoffnung bei CAVEM? Eng Rei Enseignantë wiere bereet, d'Museksschoul ze iwwerhuelen

Tageblatt mellt

|
reading time

1 min

Hoffnung bei CAVEM? Eng Rei Enseignantë wiere bereet, d'Museksschoul ze iwwerhuelen

Bei der CAVEM kënnen d‘Musekscoursen eventuell awer weider lafen. D‘Enseignantë wiere sech en Donneschdeg mam Proprietär vum Gebai zu Bouneweg eens ginn, datt si elo emol weider kënnen do bleiwen.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Proprietär ass iwwregens de René Wagener, freie Proprietär vun der CAVEM, schreift d‘Tageblatt.

Den Direkter Andreas Matthias Marx gëtt vermësst. Et gouf gemellt, datt d‘CAVEM faillite wier. Elo awer wieren eng hallef Enseignanten och bereet fir déi privat Museksschoul ze iwwerhuelen a finanziell ze stemmen. Et hofft een, no der Ouschtervakanz weider mat der Coursë bei der CAVEM kënnen ze fueren.

Vill Zousproch an de Soziale Medien

Ufank der Woch hat et nach geheescht, datt d‘Gebai misst verkaaft ginn. De René Wagener seet haut am Tageblatt, datt hien einfach wéilt, datt et géif weider goen.

D‘Zeitung schreift nach, datt de René Wagener wuel duerch de villen Zousproch fir d‘CAVEM an de Soziale Medie seng Meenung par rapport zum Haus geännert hätt.