Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
search

/ Holland: Gréng Luucht fir verschäerft Asylreegelen a Grenzkontrollen

Asylpolitik

Holland: Gréng Luucht fir verschäerft Asylreegelen a Grenzkontrollen

Déi hollännesch Regierung huet gréng Luucht gi fir ee Gesetzespak, deen eng Verschäerfung vum Asylrecht virgesäit. Deemno wëll Holland vun Enn November u Grenzkontrollen aféieren an illegal agereeste Migranten zréck an d‘Belsch an an Däitschland schécken. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Dëse Projet hat de Ministerpresident Dick Schoof dem Parlament virgeluecht an déi 4 Regierungsfraktiounen, dorënner och déi riets-radikal Partei vum Geert Wilders, hu sech dorop gëeenegt.

D‘Regierung huet och wëlles, Deeler vu Syrien als sécher Regiounen z'erklären a Refugiéen zréck an hir Heemecht schécken. Virun allem Mënschen ouni Asylstatus solle méi séier expulséiert kënne ginn.

Dës Propose mussen awer nach vum hollännesche Parlament gutt geheescht ginn.