Trotz de ville Protester däerf den US-Rapper wéi geplangt Ufank Juni zu Arnheim an Holland optrieden. Et géif kee gesetzleche Grond ginn, fir him d’Arees ze verbidden, esou den zoustännege Minister fir Asyl a Migratioun Bart van den Brink. D’Parlament hätt sech mat grousser Majoritéit dofir ausgeschwat. Jiddesch Organisatiounen haten en Optrëttsverbuet gefuerdert.
“Keng rechtlech Grondlag”
De Minister hat déi antisemittesch Äusserunge vum Kanye West verurteelt. Deen trëtt mëttlerweil ënner dem Numm Ye op. Ma Äusserungen aus der Vergaangenheet wieren awer kee rechtleche Grond, hien net areesen ze loossen. Aner Länner hu seng Optrëtt schonn ofgesot.
D’Stad Arnheim huet d’Optrëtter erlaabt. Eréischt bei Gefor fir déi ëffentlech Sécherheet géif d’Stad d’Autorisatioun entzéien, esou de Buergermeeschter.
Jiddesch Gemeinschaft schockéiert
Jiddesch Organisatioune weisen Onverständnis, datt Holland “net capabel wier eng moralesch Grenz ze zéien”, esou d’Direktesch vum Informatiouns- an Dokumentatiounszenter fir Israel (CIDI).
Groussbritannien hat dem Rapper d’Arees verbueden, a Pole gouf de Concert vun den Organisateuren ofgesot an den Optrëtt a Frankräich hat de Rapper selwer ofgesot, well och do ee Verbuet am Raum stoung.
De Rapper hat ëmmer rëm antisemittesch Aussoe gemaach, ee Lidd mam Titel “Heil Hitler” publizéiert an T-Shirte mat Hakekräizer verkaaft. No Protester hat de Kanye West sech fir seng Aussoen entschëllegt a se mat enger psychescher Stéierung erkläert.