arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hongkong: Leader vu prodemokratesche Protester zu weideren 10 Joer Prisong verurteelt

Asien

|
reading time

2 min

Hongkong: Leader vu prodemokratesche Protester zu weideren 10 Joer Prisong verurteelt

Zu Hongkong gouf dee prodemokrateschen Aktivist Joshua Wong zu weideren zéng Joer Prisong verurteelt. De fréiere Leader vun de Studenteprotester sëtzt schonn zënter sechs Joer am Prisong. Dat wéinst dem Virworf vu geheimen Ofsprooche mat auslännesche Länner. 

reading time

2 min

De Joshua Wong 2019 | © EPA/FAZRY ISMAIL
De Joshua Wong 2019 (Foto: EPA/FAZRY ISMAIL)

Domat hätt hien nämlech déi national Sécherheet vu China a Gefor bruecht, esou d'Begrënnung. Op dat nämlecht Gesetz gouf sech dës Kéier bezunn, fir d'Prisongsstrof fir 10 Joer auszespriechen.

Virwërf vum Parquet

De Parquet wërft dem 30 Joer ale Wong ënner anerem vir, international Lobbyaarbecht bedriwwen ze hunn, andeems hien 2019 an den USA fir eng Gesetzespropos mam Numm "Hong Kong Human Rights and Democracy Act" Reklamm gemaach hätt. Duerch dee sollten d'USA eemol d'Joer hir Bewäertung vun den Handelsbezéiunge mat Hongkong vun der politescher Lag ofhängeg maachen.

Iwwerdeems wërft de Parquet him vir duerch Äusserungen an de Medien aner Länner, Leit an Institutiounen dozou opgefuerdert ze hunn, Sanktiounen oder eng wirtschaftlech Blockad géint China an Hongkong ze erwierken.

Eigentlech hätt de Joshua Wong am Januar 2027 sollte fräikommen. 

Gesiicht vun der Demokratiebeweegung

De Joshua Wong war eent vun de bekannteste Gesiichter vun der Demokratiebeweegung zu Hongkong 2019. Deemools haten d'Awunner:inne vun Hongkong fir méi Demokratie demonstréiert. Eng Millioun Leit haten dorun deelgeholl.

Uganks waren d'Demonstratiounen nach friddlech, sinn allerdéngs och wéinst dem haarden Asaz vun der Police ëmmer méi brutal ginn.  

Groussbritannien hat 1997 Hongkong u China iwwerginn. Dat mat der Prämiss, de Stadstaat méiglechst fräi walten ze loossen. Et gëtt allerdéngs ëmmer nees kritiséiert, datt China sech net un deen Accord géif halen.