arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ibibio Sound Machine - "Chopping Mountain"

Album vun der Woch

|
reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Ibibio Sound Machine - "Chopping Mountain"

Freed als Widderstand, Léift als Relioun – dat ass de Message vun Ibibio Sound Machine, wou dräi Londoner Produzenten d’Iddi kruten, den Afro-Beat vun den 80er mam britteschen Drum&Bass ze verschmëlzen.

reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Méi wéi ee Studioprojet gouf dee Moment doraus, wéi Live Museker opgespronge sinn. Haut, bei Album Nummer 6, ass de montéierte Projet verwandelt zu eppes mat méi Séil wéi esou munch Garagebands. 

Am Ufank waren d’Ibibios also ee renge Studioprojet. Richteg beséilt gouf en du wou  d’Sängerin Eno Williams der Trupp vu mëttlerweil aacht Museker bäigetrueden ass. Hir Famill kënnt aus Nigeria an et sinn hir Texter, déi de Message vu Léift, Befreiung an Heelung formuléieren, deen d’Band och esou eenzegaarteg mécht.

Elektronesch Produktiounen, eng Stëmm an ee klengen Orchester

De Sound ka wuel variéieren, war am Ufank méi Drum&Bass orientéiert, mee duerch d’Zesummenaarbecht mat externe Produzente kruten déi lescht zwou Placke jeeweils eng méi perséinlech Nues.

“Electricity” zum Beispill gouf vum britteschen Duo Hot Chip produzéiert, wärend “Pull The Rope” virun zwee Joer der Band hir méi däischter, clubbeg Säit an de Vierdergrond gestallt huet.

Elo huet Max Grunhard, deen de Projet vun Ufank u mat geformt huet, d'Produktioun erëm selwer an d'Hand geholl.

Opgeholl gouf haaptsächlech am eegene Studio, de Vanguard Studios am Süde vu London. D'Lidder si laut der Band aus Live-Jams a Rhythmus-Experimenter gewuess. Dat ass nei, ee weidere Schrëtt vum Studioprojet zur komplett autonomer Sound-Maschinn, an et héiert een der Musek dat un.

Déi üblech House-Music-Këschten, an déi hir Musek ëmmer esou schmasseg gepasst huet, ginn hei och scho mol gesprengt, wéi um Opener “Burning in Lagos”, deen d’Welle vun engem Kiselsteen an engem Séi zur Metapher fir eis Eegeverantwortung als Mënsche mécht.

An eis Verantwortung ass et natierlech, aus Widderstand frou ze sinn, trotz deenen horrenden Zoustänn, déi de gréissten Deel vun der nigerianescher Bevëlkerung muss iwwer sech ergoe loossen. Dat an engem vun deenen ueleg- a ressourceräichste Länner um ganze Kontinent.

De Concertssall als Kierch, fir Léift ouni Relioun

D’Fräiheet vun der Jam-Produktioun op der Plack féiert zu e puer fantastesch dreiwenden Tracks, vun deenen den Titeltrack een ass.

Heiansdo muss een awer och domat eens ginn, datt d’Iddie sech e bësse méi laang opbauen, oder um Enn ausfransen. Dat passt awer bei d’Club-Ästhetik, an déi deels slogan-haft Texter, ganz gutt.

Als Virbiller denkt een un d’Talking Heads, an deenen hir Virbiller, de Fela Kuti an den Tony Allen. De Sound ass dobäi dës Kéier méi Highlife wéi House, méi Afrobeat wéi Drum and Bass, an dat bekënnt der Musek.

Och Chakha-Khan-aarteg 80er Elektrofunk ass dobäi net verbueden, wéi een op “Return to Sender” héiert.

Esou entwéckelt sech de Plack tëschent Afro-House, euphoresch-queerem Disco an esouguer enger Ballad, mam Titel “Give Me Peace”, duerch ee Kaleidoskop aus Empowerment, Spiritualitéit an Dancefloor Musek - een Dram, dee vu Bands wéi M People, Yazz an The Shamen an den 90er scho virgedreemt gouf.

Nigerianesch Museker spillen an dësem Trend eng grouss Roll, an d’Eno Williams ass a gudder Gesellschaft mam Joshua Idehen a mam Obonjayar aus hirem Land, an der Moonchild Sanelli aus Südafrika.

Musek fir jiddereen a fir all zesummen

Dës Plack kann all Mënsch gefalen. Mee villäicht ganz besonnesch deene villen, déi rezent d’Freed un afrikanesch Rhythmen entdeckt hunn. A ganz besonnesch deene puer, déi Ibibio Sound Machine eemol op enger Bün erlieft hunn. 

Wann dës Plack nämlech eppes besser eriwwerbréngt, wéi déi virdrun, dann ass et Ibibio Sound Machine hire Büneninstinkt. Op Tour si si iwweregens ab dem 2. Oktober duerch Groussbritannien, a mat Concerten an Europa bis Mee 2027. Nooste Rendez-vous fir eis Lëtzebuerger wäert wuel Paräis sinn, mee den Datum ass nach net annoncéiert. 

D’Selwer-Produzéieren huet “Chopping Mountain” eng besonnesch authentesch Kant verpasst an ass op villen Tracks ganz schéi “Roots”, op anere Retro – wéi ee Spadséiergang iwwer de Camden Market: faarweg, positiv a liewensfrou.

Falls Dir e klenge Pep-Talk braucht, sief et moies fir unzekommen, oder owes fir den zweete Wand, da wäert Iech dech iwweraus danzbar an energiegeluede Plack op kee Fall am Stach loossen.

play_arrow Lauschteren