arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nom Ausfall vum Tram de Moie ginn nees all d'Statiounen ugefuer

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Nom Ausfall vum Tram de Moie ginn nees all d'Statiounen ugefuer

Wéinst engem techneschen Incident op den Tramslinnen de Moie war d'Circulatioun haut op zwou Linne begrenzt. De Problem wier behuewen, an den Tram zirkuléiert nees normal, deelt Luxtram an engem Communiqué mat.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Just tëschent "Findel-Luxembourg Airport" a "Gare centrale", grad ewéi "Stadion" a "Scillas" ass den Tram gefuer. D'Statiounen "Leschte Steiwer" a "Lycée Bouneweg" goufen net ugefuer.