Och Israel huet eng Delegatioun op Doha geschéckt. Am Virfeld huet Israel gëschter den Drock op déi islamistesch Terrororganisatioun nach emol verstäerkt an annoncéiert, kee Stroum méi an d'Gazasträif ze liwweren. Dat, nodeems Israel jo och schonn déi humanitär Hëllefsliwwerungen an d'Gazasträif gestoppt huet.
D'Hamas schwätzt vun Erpressung. Bis elo konnten Israel an d'Hamas sech net op d'Konditioune fir eng Verlängerung vun der Wafferou eenegen.
D'Hamas huet nach ëmmer 24 Geiselen a 35 Läiche vu Geiselen an hirer Gewalt.