Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inflatiounstaux am Mäerz fält – Nächst Indextranche am Abrëll méiglech

STATEC

Inflatiounstaux am Mäerz fält – Nächst Indextranche am Abrëll méiglech

Warscheinlech erfält am Abrëll déi nächst Indextranche, sou datt d‘Paien an d‘Pensiounen am Mee ëm 2,5 Prozent eropginn. Dat deelt de STATEC haut an engem Schreiwes iwwer d‘Präisentwécklung mat.

auto_stories

1 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

D‘Liewen ass am Mount Mäerz par rapport zum Februar ëm 0,2 Prozent méi bëlleg ginn. Dat ass haaptsächlech op d‘Baisse vun de Pëtrolspräisser zeréckzeféieren.

De STATEC wäert den 29. Abrëll eng éischt Schätzung vum järlechen Inflatiounstaux verëffentlechen an dann eng méiglech Indextranche confirméieren. 

Obwuel d‘Inflatioun am Mäerz liicht zeréckgaangen ass, wäert awer eng Indextranche kommen. Dofir ginn et, dem Direkter vum Statec Tom Haas no zwou Erklärungen.

Januar a Februar iwwerkompenséiere réckleefege Mäerz

Den Ausléiser vun enger Indextranche bezitt sech nämlech op d'Moyenne vun de leschte sechs Méint. Den Zouwuess un Inflatioun am Januar an am Februar, iwwerkompenséiert déi "liicht réckleefeg Inflatioun am Mäerz", esou den Tom Haas. 

Deen zweete Punkt wier deen, datt d'Indextranche ausgeléist gëtt, wann 2,5 Prozent vun der Inflatioun erreecht sinn. Elo wier ee bei 2,4 Prozent, zënter der leschter Indextranche am September. Am Abrëll géif een dann zimmlech sécher bei 2,5 leien, mengt den Tom Haas.