arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ International Razzia och zu Lëtzebuerg: Al Handye wieren online als nei verkaaft ginn

International

|
reading time

1 min

International Razzia och zu Lëtzebuerg: Al Handye wieren online als nei verkaaft ginn

Wéi den Europäesche Parquet matdeelt hätt eng kriminell Gruppéierung iwwer eng Millioun Handyen an der EU als nei verkaaft, obwuel se a Wierklechkeet gebraucht waren. Et géif sech ëm een Top-Ubidder vun Handyen um Internet handelen. D‘Konsumente wieren ëm iwwer 300 Milliounen Euro bedupst ginn.

reading time

1 min

Wéinst dem Verdacht op e Bedruch a Milliounenhéicht mat online verkaaften Handye lafen zënter e Samschdeg grouss ugeluechte Razziaen an 19 Länner, dorënner och zu Lëtzebuerg. Wéi den Europäesche Parquet matdeelt wieren et schonn 160 Perquisitioune ginn. 

Duerch dës Bedruchsmasch wieren d‘Konsument:innen ëm méi wéi 300 Milliounen Euro bedupst ginn. Déi betraffe Länner hätten iwwer 30 Milliounen TVA verluer. 

Aus ale Stécker nei zesummegebaut

Déi kriminell Organisatioun soll gebrauchten Handy-Deeler zu Hong Kong an an de Vereenegten Arabeschen Emiraten zesummegebaut an als Nei verpaakt hunn.

Vun do aus wieren d'Handy an Holland verschëfft an dann an Däitschland stockéiert ginn. Iwwer en Online-Ubidder wieren d'Handy dann an der ganzer EU als fuschnei verkaaft ginn. 

Siwe Leit si festgeholl ginn 

Siwe Verdächteger wiere schonn an Éisträich, Däitschland a Spuenie festgeholl ginn, dorënner zwee Käpp vun der Organisatioun. Dat schreift den Europäesche Parquet an hirer Pressematdeelung.