Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Clash - Rock The Casbah

play_arrow Live
search

/ D'Fedas kann eng kritesch Stëmm vis à vis vun der Regierung sinn

Neie soziale Plaidoyer

D'Fedas kann eng kritesch Stëmm vis à vis vun der Regierung sinn

Den neie soziale Plaidoyer vun der Fedas - der Federatioun vun de sozialen Acteuren - ass net genee dat selwecht, wéi de fréiere politesche Plaidoyer vun der Caritas. Dat sot de Fedas-Generalsekretär am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
De Fedas-Generalsekretär Thomas Lentz. (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Thomas Lentz huet awer betount: Och d‘Fedas kéint eng kritesch Stëmm vis à vis vun der Regierung sinn. Si hätt virdru scho reegelméisseg Kontakt mat de Ministère gehat. D'Fedas wäert weider onofhängeg agéieren a vun elo un och méi an de Public goen. Et wier een awer kee verlängerten Aarm vum Ministère huet den Thomas Lentz betount.

"An et ass ganz kloer, datt mir keen direkte Finanzement vum Staat dofir wäerte kréien an och net wäerte wëllen, well dat wier e bëssen eng zwispälteg Situatioun, wann de Staat engem Sue gëtt."

Fir déi nei Aktivitéit ze finanzéiere géifen dofir d‘Cotisatioune gehéicht ginn, esou den Thomas Lentz vun der Fedas.

D’Fedas hat virun zwee Deeg an engem Schreiwes matgedeelt, si wéilt sech an Zukunft méi dacks zu politesche Sujeten äusseren. Anescht wéi d’Caritas wier d’FEDAS awer keen Acteur um Terrain, mee eng Federatioun déi d’Acteure géing regruppéieren. Deemno wier de Programm och méi breetgefächert, huet den Thomas Lentz preziséiert.