An den nächste Jore wäerte puer dausend Leit gebraucht ginn, fir dem Besoin nozekommen. Den Ament sinn eng 1.300 Schüler:innen an der ENSA. An der Zäit wieren et der mol 1.500 gewiescht, seet d'Maly Goedert.
BTS gëtt nach net esou séier ofgeschaaft
Den Ament géifen all Joer 70 Schüler:inne diploméiert ginn. Dat géif bei Wäitem net duergoen, fir de Besoin ze decken, betount d'Maly Goedert.
Nieft dem BTS ginn zënter 2023 och Bachelor-Formatiounen. Fir spezifesch Kompetenze wier dat och ganz wichteg, betount d'Maly Goedert. Dofir hätt een och "laang gekämpft". De Wonsch vun der ENSA, deemools nach LTPS, wier gewiescht, méi mat der Uni zesummen auszebilden. Datt d'Bachelore ganz op der Uni ugebuede ginn, wier eng politesch Decisioun gewiescht.
D'Directrice vun der ENSA fäert awer net, datt de BTS, also den Diplom, deen een no der ENSA kritt, deemnächst wäert ofgeschaaft ginn.
Den Impakt vun der Pandemie nach haut ze spieren
D'Maly Goedert mengt iwwerdeems, datt d'Covid-Pandemie vun de Fleegeberuffer kéint ofgeschreckt hunn. Et wier een an där Zäit zwar als Helde gefeiert ginn, d'Situatioun hätt awer och gewisen, wat an deene Beruffer ofverlaangt gëtt.
"Dat heescht, och Risiken agoen, sech fir aner Leit asetzen, wa vläicht all déi aner am Confinement konnten doheem bleiwen."
Bis haut géif een ënner dem Personal d'Nowéie spieren, seet d'Maly Goedert.