Radioen

On air

Notturno  |  Bedouine - Come Down In Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Hansen: "Eng gelunge Saach"

Reaktioun op Urteel géint Marine Le Pen

Christophe Hansen: "Eng gelunge Saach"

De Lëtzebuerger EU-Kommissär a fréieren Europadeputéierte Christophe Hansen huet am 100,7-Interview op d'Urteel géint d'Marine Le Pen reagéiert.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Christophe Hansen (Archivfoto) | © European Union 2024 play_arrow
Christophe Hansen (Archivfoto) (Foto: European Union 2024)

D'Urteel géint déi franséisch Politikerin Marine Le Pen wier net onbedéngt eppes, wat hirer Partei, dem Rassemblement National wäert schueden, esou d'Analys vum Christophe Hansen. Dëst Urteel wier dowéinst eng "gelunge Saach", esou de Lëtzebuerger EU-Kommissär am 100,7-Interview.

“Mee mir wëssen, datt déi Sue fir falsch Zwecker benotzt gi sinn. Do si Mataarbechter zu Paräis an op anere Plaze bezuelt ginn, mat Suen, déi eigentlech fir Assistenten zu Bréissel an zu Stroossbuerg geduecht waren. Dat ass e Feeler. Dat ass rechtlech falsch.”

Datt et dofir Konsequenze ginn, dat wier eng logesch Suite. Den EU-Kommissär a fréieren Deputéierten am Europäesche Parlament Christophe Hansen geet dovun aus, datt d’Marine Le Pen sech nom Urteel an eng Afferroll setzt. Dat géif bei de Leit zéien.

Handelskrich: "Dat wäert richteg wéi dinn"

Den US-President Donald Trump wëllt um Mëttwoch een neie Pak vun Douanestaxen op Importer an d'USA ukënnegen. Wat eng Reaktioun vun der Europäescher Unioun ugeet, misst ee kucken, op dee selwechte Montant ze kommen, esou de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen. Duerno misst een awer esou séier wéi méiglech zeréck un de Verhandlungsdësch kommen.

“Well déi dote Mesuren, deen Handelskrich, dat schuet den Entreprisen, dat schuet de Consommateuren an dat schuet een op béide Säite vum Atlantik. Dat heescht, dat dote wäert richteg wéidinn. A mir hunn all Interêt, déi Deseskalatioun esou séier wéi méiglech hinzekréien.”

Et misst een also an der EU um gläichen Niveau op d'Decisiounen an den USA reagéieren, mee gläichzäiteg d'Dier fir den Dialog grouss ophalen, ënnersträicht den EU-Kommissär.

“Mir däerfen awer och net komplett naiv sinn a just, wann een eng op deen ee Bak kritt, och nach deen anere Bak dohinner halen.”

Baueren a Wënzer "éischt Affer vum Klimawandel"

D'Baueren an d'Wënzer hätten deelweis mat ze vill Waasser ze kämpfen an deelweis mat ze wéineg Waasser, erkläert de Christophe Hansen. D'Baueren an d'Wënzer hätten och mat Kränkten ze kämpfen, déi vun enger Säit vum Kontinent op déi aner zéien.

“An dat ass och duerch de Klimawandel bedéngt. An dofir musse mir hëllefen an nei Zorten uplanzen, déi méi resistent zum Beispill um Waasserstress sinn.”

Och an der Argo-Fotovoltaik géifen et och vill Optioune ginn. Et géife vill Beispiller ginn, wou dat am Uebstubau ganz gutt géif fonctionéieren an d'Recolte souguer besser wier, esou den EU-Kommissär fir Landwirtschaft, de Christophe Hansen.

Lauschterenplay_arrow