Radioen

On air

Vue sur mer  |  Sans Soucis, Charles - Mexico City (Abbey Road Lock-In Session)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SIMPA: En neie Service fir d'Altersmediatioun

Gesellschaft

SIMPA: En neie Service fir d'Altersmediatioun

Am Kader vum neie Qualitéitsgesetz iwwer d'Servicer fir eeler Mënsche gouf och ee Mediatiounsservice ageféiert. Zanter dem Januar gëtt et dës Ulafstell, SIMPA genannt, fir eeler Persounen an hir Famillen a fir d’Strukturen a Servicer aus der Altersfleeg.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

Corinne Weis | © Jo Diseviscourt play_arrow
Corinne Weis (Foto: Jo Diseviscourt)

Zanterhier hätt ee siwen Dossieren opgemaach an zwee bis véier Appeller den Dag, woubäi den Trend vun den Appeller eropgeet, seet d'Mediatrice Corinne Weis am 100,7-Interview. An der Altersmediatioun géife sech ganz vill verschidde Froen a Konflikter weisen, mat deenen d'Leit sech un de SIMPA wende kënnen.

"Dat kënne Froe wéi Autonomieverloscht sinn, d'Organisatioun vun der Fleeg, finanziell Froen: Wéi organiséieren ech meng Ierfschaft zum Beispill."

Dat awer ouni "d'Prinzippie vun der Mediatioun" a Fro ze stellen, also d'Neutralitéit, Fräiwëllegkeet a Vertraulechkeet, esou nach d'Corinne Weis.

De Mediatiounsservice ass zoustänneg fir all Froen a Konflikter, bei deene Gestionnairen am Spill sinn, déi vum Familljeministère agreéiert sinn, betount d'Corinne Weis. Et géif een iwwerdeems all Joer ee Rapport mat Statistiken a Recommandatiounen un de Familljeministère maachen.

Lauschterenplay_arrow