Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thermesche Stress an de Südgemengen

Eng nei Kaart vum LIST

Thermesche Stress an de Südgemengen

De Klimatolog Jürgen Junk vum LIST huet gehollef, eng detailléiert Klimakaart vun de Südgemengen auszeschaffen, déi ënner anerem weist, ënner wéi vill "thermeschem Stress" d'Leit leiden. Dëst soll d'Aarbecht vun den Urbaniste vereinfachen.

auto_stories

1 min

Foto: Jo Diseviscourt

Den "thermesche Stress" fir d'Populatioun reduzéieren: Genee dofir kéint een déi nei Kaart benotzen, déi de LIST zesummegestallt huet. Si stellt sougenannten Hotspots duer, fir datt Stadplanger op ee Bléck besser kënne gesinn, wou ee wéi eng Moossnam misst aleeden. Dëst wier wichteg am Hibléck op de Klimawandel, betount de Jürgen Junk vum LIST.

“Weil Studien haben auch gezeigt, die wir auch in diesem Jahr veröffentlicht haben, dass in Zukunft selbst bei einem mittleren Emissiounszenario sich sowohl die Anzahl der Hitzewellen, als auch die andauernd Intensität in Luxemburg auch stark erhöhen wird.”

Fir datt Urbanisten et méi einfach hunn, deem entgéint ze wierken, soll d'Kaart also hëllefen. Ausserdeem géing een am Süde méi Hotspots erëmfanne wéi am Norden. Dat virun allem wéinst der méi dichter Besiidlung, der Versigelung vum Buedem, an der Industrie.

D'Kaart kann een op geoportail.lu kucken.

Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow