D’Sozialministerin Martine Deprez hätt den Optrag kritt, déi Gespréicher ze feieren, an si wier eebe just fir de Privatsecteur zoustänneg. Fir d’Fonction publique wier et en anere Minister, huet de Marc Spautz präziséiert.
D’Gewerkschaften dierfen net aus den Diskussiounen iwwert d’Sonndegstonnen an d’Kollektivverträg ausgeschloss ginn, betount de Marc Spautz. D’Relatiounen tëscht dem Aarbechtsminister an de Syndikater sinn aktuell ugespaant. Dat wéinst de Pläng, déi de Georges Mischo d’lescht Woch annoncéiert huet.
D'Gewerkschafte fanne Versteesdemech beim Deputéierten a Parteikolleeg vum Minister, Marc Spautz. Hie léisst d’Argument, datt et ëmmer méi neutral Personaldelegéierter gëtt, net gëllen.
"Mee do ass et awer och ganz oft, dass vun de Betriber souguer selwer Lëschten opgestallt gi sinn, fir dass d'Gewerkschaften net sollen an de Betrib kommen. An dat ass et an der Zäit ginn. Ech hunn dat selwer erlieft, wéi ech Gewerkschaftssekretär war."
Dat wier net iwwerall de Fall, mee et géif awer virkommen. Dowéinst wier am Kollektivvertragsgesetz festgehalen, datt Kollektivverträg ausgehandelt ginn, mat Leit déi onofhängeg vis à vis dem Betrib stinn, erkläert de Marc Spautz.
Patrick Dury: Gruef dierf net nach méi grouss ginn
De President vum LCGB Patrick Dury betount awer, datt et aktuell schonn ee grousse Gruef tëschent der fonction publique an dem Privatsecteur gëtt, an deen duerch d’Pensiounsreform net nach méi grouss dierft ginn.
“De Privatsecteur deen erschaaft hei de Räichtum vum Land. Mir kënnen eis net virstellen, datt herno eng Reform dobäi erauskënnt, déi de Privatsecteur da géif belaaschten. Mir wëssen dat jo och nach guer net.“
De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP wollt sech de Moien op eis Nofro hin nach net dozou äusseren.