Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Sing A Silent Gospel Feat. U.S. Girls

play_arrow Live
search

/ Xavier Bettel: E Waffestëllstand ass am Interêt vu jiddwerengem

Lëtzebuerger Ausseminister

Xavier Bettel: E Waffestëllstand ass am Interêt vu jiddwerengem

E Waffestëllstand am Noen Oste wier am Interêt vu jidderengem, sot de Xavier Bettel am 100,7-Interview. Mam Krich kommen awer och nei Migratiounswellen, mat deenen och den Ausseminister rechent.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Am Libanon sinn eng Millioun Leit wéinst dem Krich deplacéiert ginn oder geflücht. Et misst en dermat rechnen, datt méi Flüchtlingen aus Libanon an Europa, an also och op Lëtzebuerg wäerte kommen, sot d‘Direktesch vun der ASBL Passerell, Marion Dubois, de Moien op eiser Antenn

Op dës Situatioun ugeschwat mengt de Xavier Bettel, datt ee virun allem d'Nopeschlänner, an deenen d'Flüchtlingen als éischt ukommen, ënnerstëtze muss.

 "Wa mir solidaresch wëlle sinn a wa mer keng aner Léisung hunn, fir de Konflikt dohannen ze stoppen, da muss ee kucken, déi Nopeschlänner, déi elo déi éischt Migratioun kréien, well d'Leit kommen net direkt zu Lëtzebuerg un, deenen d'Ënnerstëtzung ze ginn."

Sou hätten d'Leit op d'mannst déi Zäit, wou elo nach Attacke wieren, eng Sécherheet doheem ze hunn, esou de Xavier Bettel. Mee de But, also de Waffestëllstand, wier am Interêt vu jiddwerengem. Eppes wier awer kloer: "All Impakt vun all Krich huet eng Repercussioun och op d'Migratioun", esou de fréiere Premier.

Unerkennung vu Palästina: "Mir hu just ee Coup"

Déi grouss Fro, déi ëmmer nees am Konflikt an de Raum gehait gëtt, ass natierlech déi vun engem onofhängege palästinensesche Staat. De Lëtzebuerg Ausseminister huet do d‘Positioun vu Lëtzebuerg zu enger Unerkennung vu Palästina widderholl: Lëtzebuerg géif dat den Ament net maache, well ee keng symbolesch, mee eng konkreet Léisung géif ustriewen, an do och zesumme mat aner Länner Frankräich an d‘Belsch, dru schaffe géif, esou den Ausseminister.

"A Palästina leeft och net alles super. Déi hate keng Walen elo déi lescht 18 Joer. An dat heescht, et muss een e Konzept hunn, wou ee seet, hei do musse Walen organiséiert ginn. Et muss hei organiséiert ginn, et muss dat organiséiert ginn."

Eng Unerkennung sollt och eppes bréngen, huet den Ausseminister ënnerstrach. An et hätt ee just "ee Coup". an anere Wierder: Et gëtt just eng Chance, fir dat och erfollegräich ze maachen. 

Lauschterenplay_arrow