Domat huet de Marc Spautz d’Nominatioun vun der Martine Deprez als nei Gesondheets- a Sozialministesch verdeedegt. Op d’Fro, firwat seng Partei sech net méi staark ëm d’Educatioun beméit hätt, no all deem, wat se un der Politik vum Claude Meisch auszesetzen hat, sot de Marc Spautz, datt wann d'CSV all Ministère kritt, wou se eppes auszesetzen hat, hätt d'Partei all d'Ministère kritt.
"Well mer hunn déi lescht zéng Joer an alle Beräicher eppes auszesetze gehat. A mir wollten och d’Educatioun. Mee Dir wësst: a Koalitiounsverhandlungen ass et wéi an engem Stot, do muss een sech herno op e Package eenegen. An do war et net méiglech d’Educatioun ze kréien. – Dir wollt den Educatiounsministère? – Mir wollten d’Educatioun."