Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Kritik un der geplangter Reform vum Naturschutzgesetz

Observatoire de l'environnement naturel

Kritik un der geplangter Reform vum Naturschutzgesetz

Den Observatoire de l'environnement naturel huet virun zwou Wochen e kriteschen Avis zu der geplangter Reform vum Naturschutzgesetz publizéiert. Den Observatoire wier bei dësem Gesetzesprojet net esou agebonne ginn, wéi et an der Vergaangenheet de Fall war, erkläert d'Jessie Thill, Presidentin vum Observatoire an éischt Schäffin zu Walfer fir déi gréng.

auto_stories

2 min

headphones

10 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Eng Rei Saachen aus deem Projet géife "Bauchwéi" maachen, esou d'Jessie Thill. Un der Reform "Méi a méi séier bauen" kritiséiert den Observatoire de l'environnement naturel virun allem dräi grouss Punkten: D'Kompensatiounsmesurë mam Aarteschutz, de Couvert boisé an d'Compensation une fois pour tout.e.s.

Eng Rei Kritikpunkte

D'Kompensatiounsmesurë sinn déi Mesuren, déi ee muss huelen, wann een enzwousch baut an doduerch e Biotop vu raren Déieren oder Planze géif zerstéieren. De Gesetzesprojet gesäit vir, datt déi Kompensatiounsmesuren sech duerno an engem Pool "le plus proche" erëmfannen. Esou kéint een awer net sécherstellen, datt déi Aart, déi muss kompenséiert ginn, an deem Pool iwwerhaapt kéint iwwerliewen, esou d'Kritik vun der Jessie Thill.

Deen anere Kritikpunkt ass de Couvert boisé vun 20 Prozent - also d'Gréngflächen an enger Gemeng. Aktuell wier virgesinn, datt verschidden Aarten net musse kompenséiert ginn, wann de Couvert boisé vun 20 Prozent erreecht ass.

“Wat ass déi wëssenschaftlech Basis fir ze soen 20 Prozent?”

Iwwerdeems wier och d'Verdeele vun deene Gréngflächen an der Gemeng net kloer gereegelt.

Et géif sécherlech Potential fir Verbesserung bei den administrative Mesurë vu Bauprojete ginn, trotzdeem dierft een den Naturschutz net vergiessen. Zu Lëtzebuerg wieren Zweedrëttel vun den Aarte bedrot fir auszestierwen, esou d'Jessie Thill. 

"Et brauch een d'Natur als Mënschen" 

D'Jessie Thill, déi éischt Schäffin zu Walfer ass, fënnt datt een eng méi kleng an einfach Reform hätt kéinten an d'Weeër leeden, déi "och tatsächlech um Terrain eppes hätt kéinte verbesseren". 

Dës Reform hätt sollten d'Saache vereinfachen, mee fir den Observatoire de l’environnement naturel géifen nach Honnerte Froen oppe bleiwen, esou nach d'Jessie Thill am 100,7-Interview.

 

Lauschterenplay_arrow