Radioen

On air

Mixtape  |  April, April

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tilly Metz: D'Ukrainer:inne spieren d'Ewechfale vun USAID

Invitée vum Dag aus der Ukrain

Tilly Metz: D'Ukrainer:inne spieren d'Ewechfale vun USAID

An der Ukrain spieren d'Leit d’Ewechfale vun den US-Hëllefen. Dat beschreift d'Tilly Metz, d'Europadeputéiert ass mat enger grénger Delegatioun an der Ukrain, fir sech e Bild vum Zoustand vum ukrainesche Gesondheetssystem ze maachen.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Europadeputéiert vun déi gréng Tilly Metz | © Morgane Weidig play_arrow
Europadeputéiert vun déi gréng Tilly Metz (Foto: Morgane Weidig)

Lauschterenplay_arrow

Op där enger Säit beschreift d'Tilly Metz d'Hoffnung vum ukrainesche Vollek. Obwuel all Dag medezinesch Strukturen attackéiert ginn an Alerten op Loftattacke kommen, wieren d'Ukrainer:innen weiderhi resilient. Nieft dem Bekämpfe vum Krich géife si och hir Adhesioun un d'Europäesch Unioun virbereeden, esou d'Tilly Metz. 83 Gesetzer wieren an der Lescht an der Ukrain gestëmmt ginn, fir sech un d'EU unzepassen. Dofir wier et wichteg, datt d'EU méi séier virukënnt, esou d'Europadeputéiert.

Nieft Hoffnung och Desillusioun 

Op der anerer Säit wieren d'Ukrainer:innen awer och desillusionéiert. Zanter datt den Donald Trump am Amt ass, an, wéi d'Tilly Metz beschreift, d'Rhetorik vum russesche President iwwerholl huet, hätt dat ukrainescht Vollek Onverständnis. D'Tilly Metz nennt d'Beispill vun den Aussoe vum Donald Trump zu den Attacken um Méindeg op Sumy, wou iwwer 30 Zivilisten ëm d'Liewe koumen. Do war d'Reaktioun vum Donald Trump, et géif sech ëm en Iertum handelen.

All Hëllef néideg 

Weider géifen d'Ukrainer:inne fuerderen, datt d'EU eng méi eng staark Stëmm kritt. Et géif ee vill Dankbarkeet fir déi Ënnerstëtzung bis elo spieren, esou déi gréng Europadeputéiert. Et géif een awer och spieren, datt d'Hëllefe vun der US-amerikanescher Entwécklungsadministratioun USAID zanter Februar ewechgefall sinn.

"Oh jo, also dat ass déi ganz USAID, déi natierlech gestrach ginn ass, obwuel d'Weltgesondheetsorganisatioun ganz present ass mat enger ganz grousser Ekipp hei an der Ukrain, mierkt een awer natierlech do d'Impakter an d'Suen, déi feelen an d'Leit och déi feelen, fir kënnen déi adequat Hëllef kënnen ze ginn."

Eng wichteg Hëllef, déi d'EU leeschte kéint, wier gemeinsam medezinesch Akeef ze maachen, proposéiert d'Tilly Metz. Déi medezinesch Strukture géifen ënner permanenten Attacke leiden. Als Beispill huet d'Tilly Metz eng Kannerklinik genannt, déi si selwer besicht huet. 60 Prozent vun der Klinik wier zerstéiert, beschreift d'Europadeputéiert.