D’Rakéiten hätten awer an der Loft kënnen ofgefaangen ginn, wéi et aus der Saudescher Haaptstad Riad heescht. De saudeschen Ausseminister deelt mat, datt den Iran Ziler zu Riad an am Oste vum Land viséiert hat. Den zoustännegen Ausseminister verurteelt d’Attacke schaarf. Am Südoste vu Riad wiere ronn 2.000 US-Truppen op engem Loftwaffenstëtzpunkt stationéiert. Bis dato ginn et keng Informatiounen iwwert potentiell Affer oder materielle Schued am Kinnekräich
Vereenegt Arabesch Emirater a Katar
Géint 4 Auer haut um Samschdeg Mëtteg wieren och zu Dubai nees Detonatiounen ze héiere gewiescht. Dat melle Journaliste vun der franséischer Noriichtenagence AFP. Zwou Dampwolleke wieren iwwert der Stad ze gesinn. Enner anerem gouf et eng gréisser Explosioun op der bekannter artifizieller Insel The Palm.
No den amerikanesch-israeelesche Militärattacke gräift den Iran och Katar, ee vun de wichtegsten Alliéiert vun den USA un. Et wier elo schonn déi drëtt Ugrëffswell, bis elo konnt de Staat um persesche Golf d’Rakéiten awer all erfollegräich ofwieren.
Oman kritiséiert Attacken
Den Ausseminister vum Oman huet sech op X “entsat” iwwer d’Attacken op den Iran gewisen. Den Oman hat an de Verhandlungen tëschent dem Iran an den USA, déi lescht Deeg zu Genf, vermëttelt. Den Oman gëllt als Vermëttlerstaat an der Regioun. Den Ausseminister aus dem Oman huet d’USA opgefuerdert sech zréckzehalen a mat den Attacken opzehalen.