Iwwer 400 Leit solle bei Attacke vun Israel an der Gazasträif ëm d’Liewe komm sinn heescht et vun der palästinensescher Gesondheetsautoritéit. Ënnert den Doudege wiere vill Kanner, an och de Chef vun der Hamasregierung am Gaza. Dës Zuele konnten nach net onofhängeg kontrolléiert ginn.
Verlängerung vu Wafferou kënnt fir Israel net a Fro
Israel hätt domat géint déi am Januar ausgehandelt Wafferou verstouss, a géif mat de Liewe vun den israeelesche Geisele spillen, sou d’Hamas. Israel justifiéiert seng Attack mam Argument, datt d’Hamas sech weigere géif weider israeelesch Geisele fräizeloossen. Domat kéim fir Israel keng Verlängerung vun der ursprénglech op sechs Woche festgeluechter Wafferou a Fro.
Weider heescht et vun der israeelescher Regierung, datt d’Hamas och alleguerten d’Virschléi fir eng potentiell Verlängerung vun der Wafferou vun den internationale Friddensvermëttler:innen an dem amerikanesche Mediateur Steve Witkoff ignoréiert hätt. Israel huet doropshin annoncéiert, vun elo un nach méi aggressiv géint d’Hamas virzegoen, bis datt all israeelesch Geisel fräi ass an d’Terrororganisatioun komplett zerschloen. Och aus dem amerikanesche Sécherheetsrot heescht et, d'Hamas hätt sech duerch hire Refus, weider Geisele fräizeloossen, bewosst fir Krich entscheet.
National an international Kritik un Attacken
Israel géif domat och op de Refus vun der Hamas reagéiere fir weider Geisele fräizeloossen. Et wéilt ee mat aller Konsequenz géint d‘Hamas-Terroriste virgoen. D'Associatioun vun de Famillje vun de Geiselen huet de Premier Benjamin Netanjahu dozou opgeruff, mat de Bombardementer opzehalen. Et géif een d'Geisele mat a Gefor bréngen.
Och international kënnt Kritik un deene Bombardementer. Den UNO-Mënscherechtschef sot, hie wier entsat. Et misst ganz séier eng politesch Léisung fonnt ginn, militäresch Gewalt géif de Misär vun der palästinensescher Populatioun nëmmen nach méi verschäerfen.
Iwwerdeems ass et an der Nuecht och am Jemen zu weideren Attacke vun den USA op déi mam Iran alliéiert Huti Rebelle komm. Aus dem Wäissen Haus heescht et dass fir d’Terroristen am Noen Osten d’Hell ausbrieche wäert, an se all Interêt hätten, den Donald Trump eescht ze huelen. Gemengt sinn domat d’Huthi, Hisbolla, Hamas an den Iran.