arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel elo och am Krich mam Libanon; Trump wëllt nei Spëtzt vum Iran decidéieren

Krich géint den Iran

|
headphones

3 min

Israel elo och am Krich mam Libanon; Trump wëllt nei Spëtzt vum Iran decidéieren

Och an dëser Nuecht huet Israel nees aus der Loft Positiounen am Iran ugegraff. Eegenen Aussoen no koum et dobäi zu breet ugeluechten Attacken op d'Haaptstad Teheran. Iwwerdeems huet den US-President Donald Trump erkläert, hien hätt dräi ganz gutt Kandidaten, fir den Iran an Zukunft ze féieren.

headphones

3 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Nieft der Militärinterventioun am Iran huet sech fir Israel hënt eng zweet Front opgedoen. 

Israel och am Krich mam Libanon 

Fir d’éischt waren am Norde vun Israel Sireenen ze héiere, wéinst Projektillen, déi, wéi et geheescht huet, am Libanon fortgeschoss goufen. Kuerz drop huet d’pro-iranesch Hezbollah vun do ugekënnegt, Israel mat Rakéiten an Dronen ugegraff ze hunn. Dat als Reaktioun op den Doud vum geeschtleche Leader vum Iran, dem Ajatollah Ali Chamenei.

D’Reaktioun vun Israel op d’Attacken aus dem Libanon huet net laang op sech waarde gelooss. Direkt duerno waren zolidd Explosiounen an der Haaptstad Beirut ze héieren, éier Israel annoncéiert huet, Ziler vun der Hezbollah uechtert de ganze Libanon unzegräifen.

Engem éischte Bilan no sinn dobäi op d'mannst 31 Mënsche gestuerwen. 

Am Süde vum Land waren doropshin Awunner:innen op der Flucht virun dësen Attacken. Zu Jerusalem, am Katar an zu Dubai sinn de Moie fréi och zum Deel ferm Explosiounen ze héieren, iwwerdeems a Kuwait Damp iwwer der US-Ambassade ze gesinn ass. Déi mellt hirersäits, et soll een net an d'Géigend vun der Ambassade kommen. 

Mënschen am Libanon probéieren ze flüchten | © EPA/WAEL HAMZEH
Mënschen am Libanon probéieren ze flüchten (Foto: EPA/WAEL HAMZEH)

Dronenattacken op Zypern 

De brittesche Verdeedegungsministère sengersäits huet an der Nuecht eng presuméiert Dronenattack op eng eege Militärbas op Zypern gemellt.

De Krich géint den Iran huet iwwerdeems schonn éischt Repercussiounen op de Pëtrolspräis. Deen ass schonn ëm 13 Prozent op iwwer 80 Dollar de Baril eropgaangen.

Dësen Artikel gëtt lafend aktualiséiert.