arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "It Goes On" - Westside Cowboy

Album vun der Woch

|
reading time

3 min

"It Goes On" - Westside Cowboy

Véier Museker*inne léieren sech kennen, treffen sech am Proufsall an huelen dann en Album op, deen esou frësch kléngt wéi et nëmme méiglech ass, wann sech Perséinlechkeeten an Iddie fir d’éischte Kéier begéinen.

reading time

3 min

Westside Cowboy | © Clémentine Schneidermann
Westside Cowboy (Foto: Clémentine Schneidermann)

Dat ass d’Geschicht vu Westside Cowboy, engem Quartett vu Manchester, dat 2024 seng éischt Single erausbruecht huet an elo mat “It Goes On” en Debut-Album virstellt. Et wier Musek wéi keng KI se kéint erfannen, erkläert engem de Pressetext: net perfekt, dofir awer lieweg an authentesch. Grad wann engem eng Melodie kënneg virkënnt, dann iwwerraschen de Jimmy Bradbury, de Reuben Haycocks, d’Aoife Anson O’Connell an de Paddy Murphy mat engem Moment vu musikaleschem Chaos. Si geheien hiert Lidd an e Koup wéi en Tuerm aus dem Baukasten a fänken da gutt gelaunt erëm vu vir un. Déi international Musekspress feiert si euphoresch an et kann een sech froen, wéi déi jonk Band et fäerdeg bruecht huet, ënner deem Drock net ze vill ze wëllen. 

“It Goes On” begeeschtert vun Ufank u mat enger onbeschwéierter Energie, mat Stécker wéi “Kick Stones (The Boys)”, “Paper Chains” an “Dobro”. Dono behalen si de selwechte Rhythmus bäi, d’Texter ginn awer méi eescht. “Well Done, Kid, You Did It” an “Worried Age” beschäftegen sech mat de Suergen an Zukunftsängscht, déi ee mat Mëtt 20 ploen. Um Enn schléit d’Plack da mat “Take my leaving as I love you “, “Coyote” (op dem d’Bassistin Aoife Anson O’Connell de Gesang iwwerhëlt) a “Patchwork” méi roueg Téin un, déi der Band hier Influenzen aus Folk a Country duerchschénge loossen.

Dem Jimmy Bradbury seng Stëmm, déi hir Onsécherheeten huet, passt grad dowéinst perfekt an d’Arrangementer, déi no vir ginn, an trotzdeem erstaunlech lëfteg bleiwen. D’Devise vu Westside Cowboy beim Komponéiere war et, net ze vill komplizéiert ze denken, an sech un einfache Formater ze orientéieren. Un der Musek vu Velvet Underground zum Beispill oder un den éischte Singles vum Elvis Presley, déi se wärend dem Schreiwen erop an erof gelauschtert hunn. Déi enk Grenzen notzt d’Quartett optimal aus - obwuel vill Lidder ënner der Grenz vun 3 Minutte bleiwen, begéint ee beim Lauschteren eng sëllegen originell Iddien, déi trotzdeem d’Stécker ni iwwerlueden.

Donieft si Westside Cowboy och nach eng ganz engagéiert Band. De Clip zu “Kick Stones (The Boys)” ass en Hommage un de Fussball-Club FC United. Dee gouf gegrënnt, nodeems Manchester United un eng amerikanesch Firma verkaaft gouf. Hei gëtt gewise wéi Fussball Gemeinschaft schafe kann, an net just Räichtum. Westside Cowboy ass och Deel vum Kollektiv “No Band Is An Island”, deen zu Manchester mat lokalen Artisten Evenementer op d’Bee stellt, bei deene Sue fir divers gutt Zwecker gesammelt ginn.