Radioen

On air

Concert  |  Kammermusek fir den Ouschterbrunch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Italien bréngt éischt Grupp un Asyldemandeuren an Albanien

Prozedur laut Geriichter net legal

Italien bréngt éischt Grupp un Asyldemandeuren an Albanien

Éischt Asyldemandeure goufen a Strukturen an Albanien bruecht. D'Sitte stoungen, no Defaitë viru Geriicht, zanter Méint eidel.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
(Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani)

De sougenannten Albanien-Modell vun der Meloni-Regierung hat u sech virgesinn, datt Asyldemandë vu Flüchtlingen an Albanie sollen ofgewéckelt ginn, nach ier d'Leit an Italien e Fouss op de Buedem setzen.

Et goufen deier Strukturen opgeriicht. Déi konnten ni funktionéiere wéi geplangt, well Geriichter zur Conclusioun komm sinn, datt d'Prozedur net legal ass.