arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 2.500 Doudesfäll: D'Ebola-Epidemie breet sech ëmmer weider aus

Ebola-Epidemie

|
reading time

2 min

Iwwer 2.500 Doudesfäll: D'Ebola-Epidemie breet sech ëmmer weider aus

D’Ebola-Epidemie an der Demokratescher Republik Kongo géif sech weider an engem beonrouegenden Tempo ausbreeden. Dat sot de Pierre Boulet-Besbareau, Chef de mission vu Médecins sans frontières zu Bunia an der Regioun Ituri am 100,7 Interview.

reading time

2 min

© EPA/MARIE JEANNE MUNYERENKANA
(Foto: EPA/MARIE JEANNE MUNYERENKANA)

All Dag géife sech nei Leit ustiechen a um Ebola-Virus stierwen. D’Situatioun op der Plaz wier immens komplizéiert, well et an der Regioun ëmmer nees Ausbréch vu verschidde Krankheete géif ginn.

Arméiert Konflikter erschwéieren d’medezinesch Grondversuergung

An der Regioun Ituri sinn doriwwer raus ëmmer nees arméiert Konflikter déi schonn d’medezinesch Grondversuergung zu enger Erausfuerderung géife maachen, esou de Pierre Boulet-Besbareau. De chef de mission vu Médecins sans frontières mengt och et bräicht méi international Ënnerstëtzung fir d’Kris ze meeschteren. 

"Vous devriez avoir une mobilisation internationale beaucoup plus conséquente que celle qu'on a aujourd'hui. Je vais vous donner un exemple : Quand vous avez un tremblement de terre en Turquie, par exemple en 2023, en quelques jours, vous avez eu un déploiement de 38 équipes médicales d'urgences internationales pour prendre en charge les blessés. Aujourd'hui, en Eturi, on n'a vu aucune équipe d'urgences internationales déployée. Et ça, c'est inquiétant, parce que effectivement, quand vous êtes en situation sanitaire extrême, vous avez besoin d'apports supplémentaires et de capacités de prise en charge médicale supplémentaires qu'on n'a pas aujourd'hui."

Zënter dem Ausbroch vun der Ebola Epidemie, Mëtt Mee dëst Joer, gouf et iwwer 2.500 Doudesfäll. De Vereenten Natiounen no wier eng Fläch déi méi grouss wéi Frankräich ass vum Virus betraff. 

De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren.