Ee Beräich, an deem et u Personal géif feelen, wier d'Weltraum-Industrie. D’Space-Industrie wier en neie Beräich, deen een zu Lëtzebuerg virun e puer Joer nach guer net kannt hätt.
Ënner anerem de Santésberäich brauch Leit vu baussen
Wann een hei eng Kéier wéilt eegen Talenter ausbilden, misst ee fir d’éischt Leit siche goen déi déi néideg Qualifikatiounen hätten, esou de Marc Spautz.
Och an aner Beräicher wier een op extern Talenter ugewisen, zum Beispill an der Santé. Dat hätt ee virun allem wärend der Covid-19-Pandemie gemierkt.
"Wa mer do eis Kolleege vun de Frontalieren net gehat hätten, wier eise System kollabéiert. Mee och déi Nopeschlänner hunn dee selwechte Problem, wat de Gesondheetsberäich ubelaangt."
Dofir wier et wichteg am Gesondheetssecteur déi néideg Leit ze fannen an och eventuell ausbilden ze kennen.
Och d’Handwierk wier ee Secteur wou een Aarbechtskräften aus dem Ausland bräicht.
"Wou e Manktem ass. Wou mer keng méi fannen. Weder fir se auszebilden, nach fir se ëmzebilden, well jo och d’Technik ëmmer erëm viru geet."
Nei Plattform soll Lëtzebuerg méi zougänglech maachen
Fir an Zukunft déi néideg Talenter op Lëtzebuerg ze zéien, huet den Aarbechtsministère zesumme mam Wirtschaftsministère an aneren ëffentleche Partner eng Plattform ausgeschafft. Heiriwwer wéilt een den Talenter gutt Argumenter liwwere fir op Lëtzebuerg ze kommen, erkläert den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles.
"Mir sinn eng ganz divers Gesellschaft hei u Lëtzebuerg, wou mer vill verschidde Sprooche schwätze wat also d’Integratioun vun internationalen Talenter och méi einfach mécht. Mir hunn eng dynamesch an zumools eng ganz oppen Ekonomie hei zu Lëtzebuerg déi ganz vill Carrièresméiglechkeeten bitt."
Um neie Portal wieren och Informatiounen ze fannen zum Liewen zu Lëtzebuerg, grad wéi zu administrativen Demarchen.
Bis elo wieren des Informatiounen op ville verschiddene Plaze gewiescht. Se lo ze regruppéiere soll et Talenter aus dem Ausland méi einfach maachen sech fir eng Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg ze interesséieren.