An den Zeitunge gouf hien als Justizrebell vu Mënsbech betitelt. De Marc Thoma huet hien op der Antenn vum Radio 100,7 “Lëtzebuerger Michael Kohlhaas” genannt. Als Erklärung: De Michael Kohlhaas war ee Personnage am Heinrich von Kleist senger Novell mam selwechten Numm, dee sech mat aller Kraaft an Aggressivitéit an zur Nout och mat Gewalt fir Moral a Recht asetzt.
Rieds ass vum fréiere Resistenzler, Steierbeamten a Lokalpolitiker an der Gemeng Schëtter Jemp, Bertrand. An dësem Bléck zeréck beliichte mir seng Erliefnesser als jonke Mann am Zweete Weltkrich, fannen eraus wat hien dozou beweegt huet ganzer véier politesch Parteien ze grënnen a klären op, firwat hien eng Kéier de Gemengesekretär vu Schëtter mam Fouss gerannt huet.
"Pass op Männchen, ech kréien dech nach!"
Eng Sëtzung vum Schëtter Gemengerot am Summer 1993. Et geet ëm een Avant-projet. De Gemengeconseiller Jemp Bertrand, deen zu dësem Zäitpunkt zënter bal 30 Joer Deel vum Rot ass, verlaangt, d’Pabeiere vum Projet kënne mat heem ze huelen, fir dës ze studéieren. Allerdéngs huet de Schäfferot dat ni accordéiert. De Jemp Bertrand huet d’Pabeieren awer schonn am Grapp. Do geet dee jonke Gemengesekretär Jean-Paul Jost op hien duer a räisst em se aus der Hand. Als Reaktioun rennt de Jemp Bertrand hie mam Fouss an d’Schinnebeen a jäizt “Pass op Männchen, ech kréien dech nach!”. Dat hat eng Klo géint hien zur Folleg.
Lauschtert eran, wéi iwwer de Virfall op der Antenn vum Radio 100,7 a “Panorama” vum 26. Oktober 1993 bericht gouf:
Dat war allerdéngs net déi eenzeg Kéier, wou de Jemp Bertrand sech mat Vertrieder vun der Gemengen- an Nationalpolitik, der Press, oder der Justiz ugeluecht huet. Esou zum Beispill am Abrëll 1994, wou hie géint zwee féierend Lëtzebuerger Politiker viru Geriicht gezunn ass.
Méi dozou gi mir vum Marc Thoma a sengem Panorama-Bäitrag vum 21. Abrëll 1994 gewuer:
“De Jemp Bertrand, de Lëtzebuerger Mëchel Koolhaas, brauch ee wuel knapps nach virzestellen. Landeswäit bekannt, sech vu kengem op d'Nues späizen ze loossen, huet hien zanter Jore well eng ganz Rëtsch Prozesser geféiert mat ënnerschiddlechem Succès. Mee elo huet de Jemp Bertrand wuel säi gréisste Klo-Potential opbruecht, andeems hie gläich géint den Innenminister Jean Spautz an de Justizminister Marc Fischbach viru Geriicht gezunn ass.“
Schoulzäit, Hinzert a Resistenz
Seng Jugend erkläert vläicht, firwat de Jemp Bertrand esou kompromësslos géint Onrecht virgaangen ass. Hien ass als eent vun 3 Kanner zu Mënsbech opgewuess. No senger Zäit an der Mënsbecher Primärschoul koum hien an de Lycée op Iechternach. Op Première huet hien am Joer 1940 d’Invasioun duerch dat nationalsozialistescht Däitschland materlieft.
Datt hie sech schonn deemools vu kengem einfach op der Nues ronderëm danze gelooss huet, huet sech a senger Reaktioun dorop gewisen. Senger Ausso no gouf hien aus dem Iechternacher Lycée geheit, well hien “net fromm genuch” war.
De Jemp Bertrand erzielt iwwer seng Schoulzäit an der Emissioun “Erlieft a Verzielt” vum 13. November 2005:
Am Buch vom Marc Trossen “Die Gemeinde Schüttringen: Pfarrkirche, Schulen und Verwaltung: Der Zweite Weltkrieg”, gëtt ee weider Detailer iwwer d’Zäit duerno gewuer. Esou soll de Jemp Bertrand sech gewiert hunn an d’Volksdeutsche Bewegung (VDB) anzetrieden an huet sech der Resistenzorganisatioun Lëtzebuerger Vollekslegio'n (LVL) ugeschloss.
De Marc Trossen hëlt un, datt de Jemp Bertrand wéinst senge Kontakter zu der LVL bei der Gestapo verrode gi war an dowéinst schliisslech am Mee 1942 kuerz an d’Villa Pauly an herno an d’Konzentratiounslager Hinzert koum. Do huet hien un enger Rei sougenannten “Arbeitskommandos”, also Zwangsaarbechten, missen deelhuelen.
Wéi brutal den Alldag am Lager war, huet de Jemp Bertrand dem Carlo Link an där scho genannter Sendung “Erlieft a Verzielt” erzielt:
“Wat ech Iech wollt soen nach, ech hunn (zu Hinzert) zwee Kommandoe matgemaach, wou ech do geschafft hunn, beim Entrepreneur, gell. Do war deen Éischten, dat war Kommando Thalfang, dat war dat Schlëmmst, wat do war, gell. Do si mir moies um véier opgestanen an dann op d'Peenzelt op den Zuch gaangen an dann nach ëmmer eng Stonn duerch de Bësch zu Fouss getrappt an da geschafft de ganzen Dag an dann erëm zeréck, gell. (...) An deen zweete Kommando, dat war d'Luwig, do hu mir Waasserleitunge gemaach an do hunn ech geschafft, wéi ech nëmme konnt. Fir heem hu si mech gestouss, d'Kolleegen, soss hätt ech et net gepackt fir heem, an do huet d'SS, déi huet mech dunn an d'Lazarett geholl, an do sinn ech du lagerkrank geschriwwe ginn.“
De Jemp Bertrand koum dunn, mat Hëllef vun enger fréierer Nopesch a schwéier ënnererniert, erëm op Lëtzebuerg. Allerdéngs huet hien doropshin dat selwecht Schicksal erwaart, wéi vill jonk Männer aus sengem Joergang: Hie gouf am Joer 1943 zwangsrekrutéiert. Wärend sengem “Fronturlaub” konnt hie sech awer, mat Hëllef vu Membere vun der LVL, bis zum Enn vum Krich verstoppen.
Zäit nom Krich a politesche Parcours
Nom Krich blouf de Konflikt e roude Fuedem am Jemp Bertrand sengem Liewen. Obwuel een dat bei senger Berufswiel nach net esou ane konnt. Hien hat decidéiert Steierbeamten ze ginn a gouf 1970 och zum Poste vum Inspekter vun der Steierverwaltung ernannt. Donieft hat hie sech am Staatsbeamteverband engagéiert a gouf do Sekretär.
Seng Positioun an der Steierverwaltung maach och ee Grond gewiescht sinn, firwat d’Steierpolitik wärend sengem politesche Parcours ëmmer zu sengen Haapt-Sträitpunkte gehéiert huet. Dëst hat hien als éischt an de Gemengerot zu Schëtter geféiert, an deem hien, mat enger kuerzer Ënnerbriechung, bal 40 Joer laang war.
Op nationalem Plang war seng éischt Partei d’DP, an déi hien 1958 agetrueden ass a fir déi hien och an deem Joer un de Chamberwalen deelgeholl huet. Allerdéngs war hie mat der Féierung an der Orientéierung vun der Partei ënner dem Gaston Thorn an de 70er-Joren net averstanen. Den deemolege Premier hat d’DP am lénke politesche Spektrum positionéiert, wärend de Jemp Bertrand sech kloer zur Mëtt bekannt huet. Zu der Wourecht gehéiert awer och, dat hie selwer ëmmer erëm bannent a baussent der Partei ugeeckt ass, wat schliisslech 1974 och zu sengem Austrëtt geféiert huet.
Wéi hien - éischter zoufälleg - an d’Politik erakoum, erzielt hien hei:
“(...) d'DP, déi hat mech do matgeholl an d'Walen, ech war deemools Sekretär vum Staatsbeamteverband an esou Leit hu se kontaktéiert, gell, hu se mech och kontaktéiert, den Eugène Schaus huet mech kontaktéiert. Dunn hu se mech matgeholl an d'Walen an ech sinn e puermol mat e gaangen, ech war souguer eng Kéier éischten Ersatz. Wann do een iwwerrannt gi wier, da wier ech an d’Chamber komm, gell, an et ass awer net geschitt, gell. (laacht)“
De Jemp Bertrand huet no sengem Austrëtt bei der DP awer kengesfalls opgehale mat der Nationalpolitik. Esou huet hie kuerzerhand mat der “Liberal Partei Lëtzebuerg” (LPL) eng eege Partei gegrënnt.
Um Kongress vun der LPL virun de Chamberwalen 1979 huet hien d’Fuerderunge vu senger Partei presentéiert: D’Reform vun der Justiz an dem Pensiounssystem:
Et sollt awer net just bei enger Parteigrënnung bleiwen. Nodeems de Jemp Betrand et mat der LPL net an d’Chamber gepackt hat, huet hien et mat der “Republikanescher Partei”, herno mat der “Partei fir regional a réel Politik” (PRP) a schlussendlech mat “De Steierzueler” nach e puermol probéiert. Mee och dës Initiative bloufen ouni den erhoffte Succès.
"Il aimait la bagarre ..."
De Jemp Bertrand war sécherlech eng ambivalent Perséinlechkeet, deem seng ideologesch a politesch Orientéierung net ganz kloer ze bestëmmen ass. Nieft sengem Asaz géint Onrecht zu Lëtzebuerg, ob elo empfonnt oder reell, huet hie sech fir d’Situatioun a Palästina staark gemaach a war ënner anerem un enger Ausstellung bedeelegt, déi op d’Situatioun an der Regioun nom “Sechstage-Krieg” am Joer 1967 opmierksam gemaach huet.
Aus der Emissioun “Erlieft a Verzielt” vum 13. November 2005:
Donieft war hien och Matgrënner vun der “Federatioun Eist Land-Eis Sprooch” (FELES), déi sech géint d’Fuerderung vun der ASTI an den 1980er fir d’Stëmmrecht vun auslännesche Bierger:innen zu Lëtzebuerg gewiert huet. Nodeems d’FELES mat ëmmer méi nationalisteschen a friemefeindlechen Aussoen op sech opmierksam gemaach huet, huet d’ASTI 1987 ëffentlech gemaach, datt eng Rei bekannte Lëtzebuerger, ënner anerem de Jean Spautz an de Georges Calteux, Member vun der Organisatioun waren. Doropshi si vill Memberen ausgetrueden. Op de Jemp Bertrand dat och gemaach huet, konnt leider net erausfonnt ginn.
Als Schluss passt dofir vläicht den Noruff ganz gutt, deen déi Lénk, déi hien als “Anarchiste de droite” bezeechent hunn, no sengem Doud am Joer 2008 op hirem Internetsite publizéiert huet:
“Jhemp Bertrand vient de nous quitter. Né en 1921, Bertrand a été un personnage haut en couleur, dont l’honnêteté ne fait pas de doute. (...) Individualiste et célibataire endurci, il menait le combat contre l’État, contre l’abus de pouvoir, contre les experts et contre les juristes. Devant le tribunal, il refusait toujours l’assistance d’un avocat. Il était sans doute nationaliste, mais sans chauvinisme et sans haïr les étrangers. (...) Il le faisait avec passion, ne cachait jamais ses opinions et n’avait pas peur des gros mots. Il aimait la bagarre et ne craignait pas la solitude.“
Eng Perséinlechkeet, déi polariséiert huet - an déi een net esou séier vergësst.