arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Expertis: KI-Chatbots kéinte géint d’Droit-d'auteure verstoussen

EU

|
reading time

2 min

Expertis: KI-Chatbots kéinte géint d’Droit-d'auteure verstoussen

KI-Chatbots kéinte géint d’Droit-d'auteure verstoussen. Dat geet aus enger éischter Expertis vum europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg ervir. Et ass déi éischte Kéier, datt den europäesche Geriichtshaff iwwer d’Virgoe vun der sou genannten “generativer” Kënschtlech Intelligenz tranchéiert.

reading time

2 min

Symbolfoto: Kënschtlech Intelligenz | © Bigstock
Symbolfoto: Kënschtlech Intelligenz (Foto: Bigstock)

Generativ Kënschtlech Intelligenz bedeit, datt de KI-System selbstänneg nei Texter oder Biller generéiert – an dës net just kopéiert. Wéini d’Urteel fält ass net gewosst. Dës Expertise ass fir d’Riichter vum EuGH awer net bannent. 

Rechtssträit an Ungarn 

Hannergrond ass e Rechtssträit an Ungarn. Hei hat eng Noriichtenagence Google wéinst sengem Ki-Chat-Bot verklot. De Reproche: Den Chatbot- Gemini hätt Texter vum Verlag ouni Autorisatioun verëffentlecht. 

Den zoustännegen General-Affekot kënnt a senger Evaluatioun zu folgendem Schluss: KI’en déi Inhalter aus Zeitungsartikel benotzen, fir op Notzer-Froen ze Äntwerten, kéinte géint scho bestoend Recht verstoussen. An zwar, datt een Informatiounen net ongefrot vervillfältegen däerf.

Ënnerscheet gi misst ob eng kënschtlech Intelligenz autoriséiert war, op dës Inhalter zouzegräifen oder op se beispillsweis eng Paywall vun enger Online-Zeitung dofir ëmgaangen huet.

Bléift eng Plus-value fir de Lieser? 

Doriwwer eraus geet et och ëm d’Fro op Texter, Zitater oder Ausdrocksformen eent zu eent aus dem original Artikele benotzt gi sinn – esou datt et keng Plus-value méi gëtt de richtegen Artikel ze liesen.

Der Expertise no sollen Agencen dono awer och kee Monopol op Noriichten-Inhalter hunn. An dëser Saach ass nach keen Urteel gesprach. Iwwer de Fall entscheet schlussendlech Ungarn. Dat ungarescht Geriicht muss sech awer un d’Virgabe vum EuGH halen.