Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ka Groussbritannie sech nach op d'USA als Partner verloossen?

Visitt an den USA

Ka Groussbritannie sech nach op d'USA als Partner verloossen?

Nom Emmanuel Macron trëfft sech de brittesche Premier Keir Starmer haut mam Donald Trump. Et ass een immens wichtege Moment an der Relatioun tëschent den zwee Länner. Mee et steet virun allem fir Groussbritannie vill um Spill.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot | - play_arrow
Keir Starmer (Foto: picture alliance / Photoshot | -)

D'Frëndschaft tëschent Groussbritannien an den USA gëtt traditionell als "special relationship" beschriwwen, an dorop si virun allem d'Britte stolz. Zënter dem Brexit awer mécht de Keir Starmer de Spagat tëschent der EU an Amerika, déi zwee gréisste Wirtschaftspartner vu Groussbritannien. Kann hie sech nach op een Amerika ënner dem Donald Trump verloossen?

Europa misst méi fir d'Sécherheet maachen 

De Premier huet sech jiddefalls fir säi Meeting mam amerikanesche President virbereet. Ganz kuerz viru senger Rees huet de Starmer ugekënnegt, datt Groussbritannie seng Verteidegungsdepensen eropkierpe wäert. Den Donald Trump huet schonn zanter Laangem vun Nato-Membere gefuerdert, datt si méi fir Verdeedegung sollen ausginn. 

Bestëmmt den Donald Trump elo déi brittesch Regierungspolitik? Dat hunn e puer Journalisten de Keir Starmer gefrot. 

Deen huet geäntwert, datt hie sech scho méi laang agesat hätt, datt Europa a Groussbritannie méi fir hir kollektiv Sécherheet maache missten. 

Dat ass also näischt Neies. A jo, den Donald Trump fënnt, mir misste méi maachen, an ech si mat him averstanen, well dat och menge Gedanken entsprécht.

Déi Decisioun, déi e jo knapp een Dag viru senger Rees ugekënnegt huet, wier awer seng eegen. Well Russland géif net nëmmen d'Ukrain bedroen, mee och Groussbritannien.

Kierzung vum Budget fir Entwécklungshëllef 

Genee wéi den Donald Trump kierzt de Keir Starmer awer och elo de Budget fir Entwécklungshëllef. Zwar laang net esou drastesch wéi den amerikanesche President, mee et geet géint Labour hir eege Walverspriechen. Si haten nämlech versprach, d'Entwécklungshëllef eropsetzen. An dofir gëtt de Keir Starmer doheem och kritiséiert.

Fir haut awer zielt virun allem, wat de Mann am Wäissen Haus vun deem Ganzen hält.

Lauschterenplay_arrow