arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kampf géint sexuell a sexistesch Gewalt: Regierung setzt op Präventioun a 24/7 Hëllef

Petitioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kampf géint sexuell a sexistesch Gewalt: Regierung setzt op Präventioun a 24/7 Hëllef

Wéi ka sexuell a sexistesch Gewalt besser bekämpft ginn? D’Yuriko Backes, DP-Ministesch fir Gläichberechtegung, huet Positioun geholl zu Virschléi, déi d’lescht Joer aus der Petitioun vun der Associatioun "La voix des survivantes" ervir gaange sinn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Symbolbild - Schung mat rouder Faar fir op Affer vu Gewalt opmierksam ze maachen | © picture alliance / NurPhoto | Romain Doucelin
Symbolbild - Schung mat rouder Faar fir op Affer vu Gewalt opmierksam ze maachen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Romain Doucelin)

D’Petitioun hat Mesurë virgeschloe fir sexueller, sexistescher, physescher a psychescher Gewalt entgéint ze wierken. 

Zenter fir Affer vu Gewalt gëtt gestäerkt

Ronn 20 Prozent vun de Mesuren, déi zejoert virgeschloe goufen, géifen an d’Zoustännegkeet vum Gläichberechtegungsministère falen, wéi d’Ministesch haut erkläert huet. Heibäi géif et virun allem ëm Informatioun, Sensibiliséierung an d’Prise en charge vun Affer goen. An do verweist d’Yuriko Backes op en Aktiounsplang géint geschlechterbaséiert Gewalt, deen am Juli d’lescht Joer ugeholl gouf an dee sech mat ville Punkten aus der Petitioun iwwerschneide géif. Ee vun dëse wier de Nationalen Zentrum fir Affer vu Gewalt, dee vum nächste Mount u soll gestäerkt ginn, esou d’Yuriko Backes.

"D'Stäerkung vum CNVV ab Mee wäert deen da 24 op 7 dann och op sinn. Eng Hotline ass dann do installéiert, déi 24 op 24 wäert fonctionéieren. Ech mengen dat ass eppes, wou mer als Regierung, an ech haaptsächlech als Coordinatrice vun deem Projet am MEGA ganz houfreg drop sinn."

No knapps engem Joer hätt den neien Zentrum 389 Affer vu Gewalt empfaangen. D’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt gesäit datt vill Punkte schonn ëmgesat ginn an anerer an der Maach wieren. Mam 24 op 24 Stonne Service géif mat enger Hausse vun den Zuele gerechent ginn.

"Et ass eng Evolutioun an ech denken do si ganz vill Punkten, wou ee muss am A behalen, och wann déi Fuerderungen an déi Propositioun, déi d'ASBL lo ausgeschafft huet, wann déi lo ëmgesat géife ginn."

déi gréng hätte gär d'Justizministesch dobäi gehat

D’Iwwerschneidunge vum Ministère fir Gläichberechtegung an deem vun der Justiz wieren a méi wei engem Punkt present. D’Joëlle Welfring vun déi gréng bedauert, datt d’Chamber dëst elo separat traitéiert, well an dëser Chamberkommissioun d’Justizministesch Elisabeth Margue net dobäi war.

"Mir fannen et schued, dass mer (d'Entrevue) net konnten zesumme mat der Justiz maachen, well tatsächlech vill Mesuren déi eng an déi aner zesummenhänken an et wär wichteg gewiescht, well och d'Petitionärinnen goufe vun deenen zwou Ministerinnen empfaangen."

En Datum fir eng Entrevue vun der Chamberkommissioun mat der Justizministesch gëtt et iwwerdeems nach net.

 

play_arrow Lauschteren