Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
search

/ D'Hearinge vun de Kandidatinnen a Kandidate fir d'EU-Kommissioun ginn haut un

Europaparlement

D'Hearinge vun de Kandidatinnen a Kandidate fir d'EU-Kommissioun ginn haut un

Vun haut, Méindeg, u ginn am Europaparlament d'Kandidaten a Kandidatinne fir déi nei EU-Kommissioun ënner d'Lupp geholl. De Lëtzebuerger Christophe Hansen, dee fir de Poste vum Agrar-Kommissär nominéiert gouf, ass ee vun deenen éischten, déi den Europadeputéierte Ried an Äntwert stoe mussen. 

auto_stories

1 min

headphones

6 min

EU-Conseil Fändelen | © European Council play_arrow
Foto: European Council

Säin Hearing ass haut um Méindegowend um hallwer siwen.

Virdrun ass am fréien Nomëtteg de Slovak Maros Sefkovic un der Rei, hie soll Kommissär fir den Handel ginn.

Och de Malteeser Glenn Micallef, designéierten EU-Kommissär fir Sport a Kultur, an de Griich Apostolos Tzitzikostas, dee fir d'Portefeuillen Transport an Tourismus nominéiert gouf, ginn haut am Parlament gehéiert.

D'Hearingen dauere bis Mëtt vun där nächster Woch.

Gespréich mam Danièle Weber vu Bréissel

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.