Dat wat déi Europäesch Kommissioun mat den USA ofgemaach huet, wier net genial, mee akzeptabel, esou hat de Premier Luc Frieden déi lescht Woch den Accord iwwer Douanestaxe kommentéiert. Am Europaparlament awer gëtt d'Kritik iwwer deen Deal ëmmer méi haart. D'EU hätt haaptsächlech dem Drock vun den USA noginn, seet de President vun der parlamentarescher Handelskommissioun, de Bernd Lange.
D'EU-Kommissioun awer bleift dobäi: Méi war net dran, d'EU ass besser ewechkomm, wéi all déi aner - esou hire Message.
Mee, wat stécht hanner der Verhandlungstaktik vun der EU? An ass d'Europaparlament wierklech prett, den Deal ze kippen?