search

/ Kanzleramtsminister Thorsten Frei soll neien Unioun-Fraktiounschef ginn

Däitschland

|
reading time

1 min

Kanzleramtsminister Thorsten Frei soll neien Unioun-Fraktiounschef ginn

Den Thorsten Frei soll neien Unioun-Fraktiounschef ginn. Dat an der Suite vun der Demissioun vum Jens Spahn, wéinst der Leihmutterschaftsaffär. De Frei war bis elo Kanzleramtchef. Deemno hätten sech de Friedrich Merz an de Markus Söder no engem Gespréich op hie gëeenegt.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow
(Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow)

Den 52 Joer alen CDU-Politiker war bis elo Chef vum Bundeskanzleramt. Nächste Mëttwoch soll hien da bei enger ausseruerdentlecher Sëtzung vun der Fraktioun offiziell gewielt ginn.

De Jens Spahn war leschte Weekend zeréckgetrueden nodeems hien ënner Drock geroden ass. Hien a säi Mann hate bekannt gemaach, datt si duerch eng Leihmutter an den USA ee Kand kruten, an dat obwuel hien a seng Partei sech géint Leihmutterschaft ausgeschwat hunn an dës och an Däitschland verbueden ass.