Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Vetrauensmëssbrauch oder Steierbedruch: Parquet klasséiert Affär ëm CMCM

Zwou Plainte goufe klasséiert

Kee Vetrauensmëssbrauch oder Steierbedruch: Parquet klasséiert Affär ëm CMCM

De Parquet huet d‘Affär ëm d‘CMCM klasséiert. De Generaldirekter Fabio Secci war wéinst Vertrauensmëssbrauch a Steierbedruch viséiert. Him gouf virgehäit, iwwer de System vun de Jetone gefuddelt ze hunn.

auto_stories

1 min

CMCM | © D-Company
Foto: D-Company

De Parquet koum elo awer zur Konklusioun, datt et weder e Vertrauensmëssbrauch nach ee schlëmme Steierbedruch gouf. Den Dossier kritt deemno keng penal Suitten.

Eng zweet Plainte, déi näischt mat der éischter ze dinn hat, gouf och klasséiert. Bei där goung et ëm e potentielle Verstouss géint de Schutz vun der Privatsphäre bei der CMCM.